Dënschdes Moies ass déi u sech soss kleng Baach Waark sou séier gewuess, dat de Keller vun der Ettelbrécker Clinique iwwerschwemmt gouf. All d’Patienten hu missen evakuéiert, respektiv heemgeschéckt ginn. Eppes wat bis dohin ni trainéiert gouf. Eng Evakuatioun déi sech iwwer Stonnen, bis an de spéiden Owend era gezunn huet.
30 Joer duerno erënnert sech den Dokter Roger Jackmuth weider un den Ament, wou d’Waasser agebrach ass, wéi wann et gëschter war.
“Dëscher a Still, déi sinn duerch d’Gäng projezéiert ginn. Wann een do getraff wär ginn, da wär ee wierklech schlecht dervu komm”, sou den Dokter Jackmuth, deemools Chirurg an der Clinique St. Louis.
Mat Sandsäck, déi Zaldote gefëllt hunn, war nach probéiert ginn dat Schlëmmst ze verhënneren. Ma all Efforte waren ëm soss. D’Waassermassen, déi vu Waarken erof koumen, waren net ze stoppen. Spéider huet de Pierre Kraus, Buergermeeschter vun Ettelbréck geschriwwen: “Deen Dag gouf de Contrat à l’amiable deen de Mënsch an d’Waark verbonnen hunn, abrupt vun der Baach gekënnegt.”
Elektresch, Heizung, Kichen, stoungen ënner Waasser. Séier gouf kloer, d’Clinique misst evakuéiert ginn. Iwwer 250 Patiente waren a Behandlung. Leit, déi nach mobil waren, goufen an d’Akerbauschoul bruecht, fir do vun der Famille ofgeholl ze ginn.
“An déi, déi an der Clinique hu misse bleiwen, déi sinn dunn herno an Stater Clinique komm. Haaptsächlech an de Centre Hospitalier. Ech ka mech erënneren, dat déi ongeféier 50 Leit ugeholl hunn. Sou ass et gaangen, bis an de spéiden Nomëtteg, bis bal an d’Nuecht. Géingt 9 bis 10 Auer war d’Clinique eidel.”
De Roger Jackmuth war ee vun den Dokteren, déi Hals iwwer Kapp d’Evakuatioun organiséiert hunn. Ambulanzen an och de Rettungshelikopter hunn d’Patienten an de Centre Hospitalier an an d’Eecher Clinique transportéiert. Dorënner och d’Leit aus der Reanimatioun.
''Déi hu misse ventiléiert ginn. Si hu missen de Bluttdrock gemooss kréien. Si ware méi oder wéineger gutt oder schlecht drun. Et war e klengt Wonner, dat kee Patient och besonnesch vun der Reha, dat do keen Ëmkomm ass.''
Nieft der Protection Civile ware Gendarmerie, Police an Arméi gefuerdert. De Katastropheplang war declenchéiert. Haaptverkéiersaxe goufe gespaart. D’Evakuatioun vun der Clinique St.Louis bleift bis Haut eemoleg fir Lëtzebuerg. Eppes wat bis dohin ni trainéiert gouf.
“Nee. Nee. Nee. Dat muss ee kloer sou soen. Et huet keen u sou eppes geduecht. Dat war eng Chance, datt dat sou gutt gaangen ass. Jo. Mir hate geluusst.” Den Dokter Jackmuth laacht.
De Schued gouf deemools op 80 Millioune Frang berechent. Januar 93, Dezember 93, Januar 95. Dräi Mol huet d’Waark fir grouss Opreegung gesuergt. Haut huet villes geännert. De Centre Hospitalier du Nord gouf gebaut.
D’Waark gouf renaturéiert. Iwwer Welschent steet e Barrage, fir Waasser zeréckzehalen.