
Um Mëttwoch stoung de leschte Spilldag vun der Virronn an der Champions League um Programm. Déi éischt 8 an der Tabell hunn et direkt an d’Aachtelsfinalle gepackt. D’Plazen 9 bis 24 spillen am nächsten Tour an de Playoffen. Fir all déi aner Ekippe war et den Out.
Direkt an d’Aachtelsfinall hunn et Barcelona an Chelsea gepackt. D’Katalanen hunn e Réckstand géint Kopenhagen gedréint a sech um Enn mat 4:1 duerchgesat. Chelsea konnt sech zu Neapel mat 3:2 behaapten. Fir d’Italieener war et domadder den Out an der Virronn.
Donieft stinn Arsenal, Bayern, Liverpool, Sporting, ManCity an Tottenham direkt an der 1/8-Finall. Arsenal schléisst d’Virronn no der 3:2-Victoire géint Almaty op der 1. Plaz of, Bayern München steet no engem knappen Erfolleg bei PSV Eindhoven op der 2. Plaz. Déi zwou éischt Plaze sinn dëst Joer méi wäertvoll, well een an der K.O.-Phas bis an d’Halleffinall den zweete Match kann doheem spillen, wann een esou wäit kënnt.
Net ënnert déi éischt 8 koumen ë.a. Atlético Madrid, Inter, Dortmund, Juventus, Atalanta an de PSG.
Am Duell géint Newcastle gouf et fir d’Fransousen doheem en 1:1-Remis. Nodeems den Dembélé an der 4. Minutt nach en Eelefmeter net erakritt huet, konnt de Vitinha an der 8. Minutt de PSG 1:0 a Féierung schéissen. D’Heemekipp huet de Match iwwer wäit Strecken dominéiert, kuerz virun der Paus huet Newcastle aus dem Näischt duerch de Willock ausgeglach.
An der 2. Hallschent goung et hin an hir mat grousse Chancen op béide Säiten, méi Geleeënheete goungen esou guer op de Kont vun de Englänner. Duerch de Remis si béid Ekippen en Tour weider, direkt an d’Aachtelsfinallen huet et awer keng Ekipp gepackt.
D’Lutte ëm déi lescht Playoff-Plaze war ganz serréiert. Benfica an de Leandro Barreiro hu sech 4:2 géint Real Madrid behaapt. De Golkipp Trubin huet mat der leschter Aktioun de Ball an de Gol gekäppt a seng Faarwen en Tour weider bruecht. Duerch Defaite muss Real och an de Playoffen untrieden. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller stoung de ganze Match um Terrain. Bodö/Glimt huet sech iwwerraschend bei Atlético Madrid behaapt a steet domadder och an de Playoffen. Am direkten Duell konnt sech Bruges géint Marseille duerchsetzen. Fir d’Belsch geet et een Tour weider, fir Marseille ass d’Champions-League-Saison eriwwer. Och nach en Tour weider si Monaco, Qarabag, Galatasaray, Monaco, Olympiacos a Leverkusen.
Net méi an der Champions League dobäi sinn ë.a. Eindhoven, Bilbao a Frankfurt.
D’Playoffe ginn de 17./18. an de 24./25. Februar gespillt. D’Aachtelsfinalle sti réischt am Mäerz um Programm.
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.