
Wéi dem Putin säi aussepolitesche Beroder Juri Uschakow der russescher staatlecher Tëlee géigeniwwer gesot huet, hätt Russland Offere fir direkt Reuniounen tëschent Putin a Selenskyj ni refuséiert. Wann den ukrainesche President wierklech fir esou en Treffe bereet wier, kéint hien direkt an déi russesch Haaptstad kommen. Och dat hätt de Wladimir Putin ëmmer nees widderholl. Dës weidere wier dat och an de Telefonater tëscht Putin an US-President Trump méi dacks e Sujet gewiescht.
D’Reunioun misst gutt virbereet an och op Resultater ausgeriicht sinn, och géif ee fir d’Sécherheet vum ukrainesche President garantéieren, sou den Uschakow weider. Fir Kiew ass allerdéngs kloer, datt eng Rees vum Selenskyj an déi russesch Haaptstad aus Sécherheetsgrënn net a Fro kéim.
Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha hat jo an engem Interview gesot, den ukrainesche President wier bereet, déi wichtegst Froe ronderëm e méiglecht Enn vum Ukrain-Krich mat sengem russeschen Homolog direkt ze beschwätzen. De Putin huet dogéint am September zejoert betount, datt en heifir net bereet wier, iergendwou hinzereesen.