Projet Hotel-Wellness zu RodangeOp der Péitenger Gemeng ass een iwwerrascht iwwer de Widderstand vun de Bierger

Jeannot Ries
"Mir sinn elo um Punkt, wou de Buergermeeschter muss d'Baugeneemegung ginn", sou de Buergermeeschter Pierre Mellina.
Projet Hotel-Wellness zu Rodange
Direkt zwou Biergerinitiative wiere sech géint de Projet. Eng schonns etlech Joren al Rumeur géif elo ëmgesat.

Ëm wat geet et?

Den Hotel mat enge 60 Zëmmer soll hannert der Piko-Schwämm an dem Futtballsterrain entstoen. En ënnerierdeschen Tunnel soll d’Haaptgebai mat engem Wellness-Beräich verbannen. Dat Ganzt op enger Surface vun 72 Ar. Den Hoke beim Projet ass, datt deen Terrain an enger Natura-2000-Zon läit. D’Gemeng Péiteng huet en Avis favorable fir eng Baugeneemegung ginn. Grad dat stéisst bei de Membere vu béide Biergerinitiativen Doihl a Kordall op Widderstand.

Fir en Donneschdeg den Owend invitéiere si op en Diskussiounsowend bei de Scoutschalet an den Doihl. Also do, wou den Hotel geplangt ass, fir iwwer d’Pläng vun der Gemeng ze Informéieren. Mat am Mëttelpunkt dem Impakt op d’Natur. An iwwert dëse konkreete Projet eraus, dem Ëmgang mam Naturschutzgesetz. D’Biergerinitiative wëllen net just kritiséieren, si wäerten och en alternative Site proposéieren.

Gemeng reagéiert

De Péitenger Schäfferot reagéiert kuerz virun der Informatiounsversammlung vun de béide Biergerinitiativen Dhoil a Kordall schrëftlech a geet op “falsch” Interpretatiounen an, déi d’Leit “kéinten an d’Ier féieren”.

PDF: Reaktioun vun der Gemeng Péiteng noliesen.

Back to Top
CIM LOGO