Nei Initiativ vum Ëmweltministère an der KlimaagenceMat “Gemengen2030” d'Nohaltegkeetsziler vun der UNO erreechen

Claudia Kollwelter
Iwwert en neien Internetsite kënnen d'Gemenge sech auto-evaluéieren a gesinn, wou se aktuell dru sinn, a gi gläichzäiteg och gewuer, wat se nach verbessere kéinten.
© RTL

Mat “Gemengen2030” d’Nohaltegkeetsziler vun der UNO erreechen

Bis 2030 sollen déi 17 Entwécklungsziler vun der UNO erreecht sinn. D’Ziler, déi 2015 ugeholl goufen, sinn zu Lëtzebuerg an zéng national Prioritéiten deklinéiert ginn. Fir datt déi och um Terrain ukommen, ginn et schonn déi dräi Pakten, de Klima-, Natur- a Logementspakt, déi via Konventioun tëscht de Gemengen an dem Staat ënnerschriwwe ginn. Den neien Outil Gemengen2030 ass dogéint eng Charta, déi mam Ëmweltministère an der Klimaagence ënnerschriwwe gëtt. Dozou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

“Et ass en Engagement vun de Gemengen, wat domat ënnerschriwwe gëtt. Dat heescht, si engagéiere sech an enger Charte, fir da bei deem Site hei matzemaachen. Si mussen e Questionnaire ausfëllen, wou se schonn aginn, wat se vu Mesurë maachen, fir Nohaltegkeetsziler bei sech konkreet ëmzesetzen, respektiv, wou och e Bewosstsi soll geschaaft ginn, fir weider Aktioune mussen ze formuléieren.”

Mat “Gemengen2030” d'Nohaltegkeetsziler vun der UNO erreechen
Nei Initiativ vum Ëmweltministère an der Klimaagence:

Wann ee sech als Gemeng via de Site auto-evaluéiert, kritt een iwwerdeems eng Primm vun 10.000 Euro vum Ëmweltministère als Belounung, a fir déi Suen an zousätzlech Projeten ze investéieren. Den neien Outil soll et de Gemengen erlaben, e méi generellen Iwwerbléck ze kréien, iwwert wat d’Nohaltegkeet ass, seet de Generaldirekter vun der Klimaagence Fenn Faber.

“Deen et eigentlech de Gemengen erlaabt ze verstoen, wat huet eigentlech dat, wat si um Terrain maachen, mat deene groussen Ziler um internationalen Niveau dann och ze dinn. Ech mengen et ass wichteg, fir eeben och einfach aus der Nohaltegkeetsperspektiv och kënnen eng Zort Stäerkten- a Schwächtenanalys ze maachen, fir einfach ze wësse wat sinn déi Beräicher, wou ech gutt sinn, fir och einfach dat ze valoriséieren, wat tatsächlech scho geschitt ass, a fir einfach spezifesch och dat ze weisen, wat vläicht feelt.”

De Bruno Barboni vun der Klimaagence erkläert wéi de Site funktionéiert.

“D’Gemenge ginn duerch e feste Questionnaire guidéiert an deem se sech aschätzen, auto-evaluéieren. Bei de Froe kënne se sech tëschen 0 an 100 % aschätzen, also a wéi wäit se en Zil erfëllt hunn. A wat ganz flott ass bei deem Outil ass, dass d’Gemeng selwer sech elo net muss d’Fro stellen, zu wéi engem Objektiv gehéiert elo wéi eng Fro. Et ass aneschters opgebaut, et ass wierklech einfach, se geet duerch déi verschidde Froen an den Tool, dee klasséiert automatesch hir Äntwerten herno an, soudass se dann eeben och an deenen Objektiver dann aklasséiert gëtt.”

D’Froe wieren och kloer un de Lëtzebuerger Kontext ugepasst an et wier en eenheetlechen Outil fir d’ganzt Land, wou souwuel d’Gemenge selwer, wéi och d’Bierger en Iwwerbléck kréien, wat et un Initiative gëtt, a wou mer a punkto Ziler dru sinn.

Site: www.gemengen2030.lu

Back to Top
CIM LOGO