
Zu Mompech hat kuerz virun 19.15 Auer eng Sauna Feier gefaangen. D’Pompjeeë vun Uesweller waren op der Plaz, kengem ass eppes geschitt.
Ee Blesséierte gouf et iwwerdeems bei engen anere Brand, dat zu Munneref géint 19.50 Auer. D’Pompjeeë vu Réimech a Munneref souwéi de Samu aus der Stad waren do am Asaz.
E weidere Blesséierte gouf et méi spéit, kuerz no Hallefnuecht, nach zu Sprénkeng. Hei war et zu engem Autosaccident komm. D’Rettungsekippe vu Mamer, de Stater Samu souwéi d’Pompjeeë vun Dippech a vu Koler goufen op d’Plaz geruff.