Invité vun der Redaktioun (2. Februar)Romain Wolff, President vun der CGFP

François Aulner
E Méindeg de Moien ass de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et kann ee bal soen, de Sozialdialog kann en neien Ulaf huelen. Och wann d’Meenungsverschiddenheeten tëscht Patronat a Gewerkschafte grouss bleiwen, besonnesch wat de Mindestloun ugeet, huet een am Background bei eis Dialogbereetschaft vu Säite vum OGBL a vun der Unioun vun den Entreprisen eraushéieren.

Wéi wëll d’Staatsbeamtegewerkschaft erabréngen? Dat froe mir de President vun der CGFP, de Romain Wolff de Moien hei op RTL. Mat him schwätze mer awer och iwwert d’Léin beim Staat an den Drock dovunner op den Aarbechtsmaart an d’Staatsfinanzen.

A mir héieren dem Romain Wolff seng Kritik, datt de Staat ëmmer nees Etablissementer de droit privé schaaft.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO