Et waren ënnerschiddlech Manéieren, mat deene sech déi zwee fréier Fonctionnairë vun der Gemeng Hesper d’Täsche gefëllt hunn. Am Zentrum stoungen zwou Scheinfirmen mam Numm d’AEARLUX Sarl (Académie Européenne des Arts Luxembourg) a SICOH (Syndicat d’initiative de la commune de Hesperange). Am Numm vun dëse Firmen si Rechnunge fir Aarbechten ausgestallt ginn, déi sollen an der Gemeng gemaach gi sinn. Wéi zum Beispill un den Heizungen oder um Ventilatiounssystem an enger Schoul.
Den Ugeklote selwer, dee Chef vum Finanzservice an der Gemeng Hesper war, huet d’Rechnungen da selwer zertifiéiert. D’Ënnerschreiwe vum Mandat de Payement duerch de Buergermeeschter, d’Schäffen an de Gemengesekretär war do éischter nach just eng Formsaach. E puer Méint, nodeems d’Suen dann um Postscheckkonto vun enger vun de Schenifirmen ukomm war, goufe se op e Privatkonto vum Ugekloten transferéiert.
Wou d’Strukturen an der Gemeng fir d’Zertifizéierung vun de Rechnunge méi streng gi sinn, huet den Haaptugeklote sech vun 2003 e Kompliz op seng Säit geholl. Och dësen, e fréiere Fonctionnaire, steet elo viru Geriicht.
Doriwwer eraus goufen awer och reell Rechnunge mat engem Logiciel um Computer duerch den Ugeklote manipuléiert. Sou huet dësen zum Beispill gréisser Renovatiounen u sengem Haus oder engem Appartement maache gelooss an dono aner Saachen op d’Rechnung geschriwwen. Oder hien huet de Fournisseuren erkläert, et wieren Aarbechte fir d’Gemeng, well d’Haus dëser géing gehéieren.
Eng weider Magouille war den Detournement vu Suen, déi vun der Assurance iwwerwise goufen. Primmen an Indemnitéite sinn op d’Konte vun de Scheinfirme gefloss an dono op d’Privatkonten. Och bei der Assurance hat den Ugekloten en Iwwerbléck, well hie selwer als Agent de Portefeuille vun der Gemeng geréiert huet. Eng weider kriminell Source, fir iwwert d’Gemeng u Suen ze kommen, waren da Subside vum Staat. Och an dësem Fall war d’Kontosnummer vun enger vun de fiktiven Entreprisen ugi ginn an dono gouf sech vun dësem Konto bedéngt.
D’Faite ginn op d’Joren 2000 bis 2019 zréck. Den Haaptugekloten huet sech den Enquêteuren no wuel ëm iwwer 3 Milliounen Euro illegal beräicheren. Divers Wunnengen, Haiser an déck Autoen hunn him gehéiert. Deen zweeten Ugekloten, deen 2003 an déi illegale Machenschafte mat erageklomme war, hat sech ëm iwwer 800.000 Euro beräichert.
E Mëttwoch de Moie ware vill Leit komm, fir de Prozess ze suivéieren. Och Vertrieder vun alle Parteien aus der Oppositioun vum Hesper Gemengerot hate sech ënnert d’Spectateure gemëscht.
Nieft den zwee fréiere Fonctionnairen ass och nach e Geschäftsmann mat ugeklot, deem virgehäit gëtt, bewosst eng falsch Rechnung ausgestallt ze hunn. Partie civile am Prozess sinn d’Gemeng Hesper an de Staat.