De Claude Wiseler ass net Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen

© RTL
De Claude Wiseler ass net disponibel, fir d'CSV no 2018 nach emol als Spëtzekandidat an d'Chamberwalen ze féieren.
De Co-Parteipresident vun der CSV sot RTL géintiwwer, hien hätt déi Entscheedung scho méi laang getraff an dem CSV-Nationalcomité se e Samschdeg de Moie matgedeelt.
De Claude Wiseler huet ënnerstrach, hie wär virun zwee Joer als Parteipresident ugetrueden an hätt kloer gesot, datt hien dat net géif maachen, fir Spëtzekandidat ze ginn. D'CSV hätt zu deem Zäitpunkt ganz vill intern Schwieregkeete gehat, hie wär ugetrueden, fir d'Situatioun ze berouegen, Eenegkeet ze kréien an d’Organisatioun an de Grëff ze kréien. Dat hätt hien erreecht, grad wéi eng Verjéngung.
"Ech sinn ugetrueden, fir Alternativen ze fannen, dat gesitt der am Walprogramm an ech sinn ugetrueden, fir datt mer déi nächst Walen am Oktober solle gewannen an dat maache mer och nach.", sou de Claude Wiseler RTL géigeniwwer.
Zesumme mat senger Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue wier de Claude Wiseler elo vu senger Partei beoptraagt ginn, e gëeegente Spëtzekandidat ze fannen. An e puer Woche géif een dem Nationalrot eng Propositioun presentéieren, esou nach de Claude Wiseler.