
D’Aarbecht vun den Deputéierten an Zuele gefaasst:
Am Schnëtt huet all Deputéierte sech 135 Mol d’Wuert geholl iwwert 3 Joer. Wat een an enger Partei zu méi ass, wat ee sech d’Aarbecht besser opdeele kann: Wéineg iwwerraschend sinn et d’Deputéiert vun de klenge Parteien, déi am dackste geschwat hunn. D’Deputéiert vun där Partei, déi bei de Presencen op éischter Plaz stoung, hunn och am meeschten an der Chamber intervenéiert. D’Pirate Sven Clement a Marc Goergen stinn op Plazen 1 an 3 vun den Deputéierten, déi vu Juli 2019 bis Dezember 2022 am dacksten an der Chamber geschwat hunn, 662 a 408 Mol, op Plaz 2 ass de Fernand Kartheiser mat 516 Interventiounen. Déi 3 Deputéiert haten allen 3 méi Interventioune wéi de Chamberpresident Fernand Etgen mat 412. Hei sief bemierkt, datt de President sech och kann duerch d’Vizepresidenten ersetze loossen, een awer aus der Statistik net erausliese kann, ob d’Djuna Bernard, de Mars di Bartolomeo an de Marc Spautz als Deputéiert oder als Presidentin intervenéiert hunn. An der Top 5 sinn och nach d’CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen an den DP-Fraktiounschef Gilles Baum.
Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis a Myriam Cecchetti hu wärend där Zäit, déi gekuckt gouf, den David Wagner an de Marc Baum an der Chamber ofgeléist. Wann een deenen 2 Deputéierten hir Interventioune mat deene vun hire Virgänger zesummerechent, wiere si op Plazen 3 a 4 am Ranking. Am Ganze sinn tëschent Juli 2019 an Dezember 2022 17 nei Deputéiert an d’Chamber komm. Déi nei Deputéiert hu mol méi, mol manner dacks geschwat wéi hir Virgänger, haten zum Deel awer och aner Rollen. Dat zum Beispill am Fall vum Pim Knaff an Dan Kersch, deenen hir Virgänger Fraktiounscheffe waren.
Déi Deputéiert, déi sech an där Zäit am mannsten zu Wuert gemellt hunn, waren de Klierfer CSV-Deputé-Maire Emile Eicher mat 5 Interventiounen, den DP-Deputéierten a bis Mäerz zejoert Bartrenger Buergermeeschter Frank Colabianchi mat 6 an de Kielener CSV-Deputé-Maire Félix Eischen mat 13. De Félix Eischen hat bei der Publikatioun vun de Presencen drop opmierksam gemaach, datt hie vum September 2020 bis Januar 2021 krankgemellt war. Ma och wann ee seng Interventiounen an där Zäit, an där den Deputéierte present war, héichrechent, kënnt de Félix Eischen nach ëmmer op déi drëttlescht Plaz. Och op Plaze 4 a 5 vun deenen Deputéierten, déi am mannsten Interventiounen an der Chamber haten, kommen Deputé-Mairen: D’Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo.
Allgemeng melle sech Deputéiert ouni Duebelmandat méi wéi zwee Mol méi dacks an der Chamber zu Wuert wéi Deputéiert, déi donieft och nach Responsabilitéiten als Buergermeeschter oder Schäffen hunn. Hei goufe just déi Deputéiert gezielt, déi wärend där ganzer Zäit béid Mandater haten, well zum Deel Deputéiert mat Duebelmandat vun Deputéierten ouni Duebelmandat ofgeléist goufen oder ëmgedréint.
Wat d’Parteien ugeet, hat d’CSV als gréisste Fraktioun an absolutten Zuelen déi meeschten Interventiounen an der Chamber, 1.861, virun der LSAP mat 1.212 an der DP mat 1.103. Pro Deputéierte sinn et awer déi kleng Parteien, déi am meeschten intervenéiert sinn: D’Pirate mat am Schnëtt 535, déi Lénk mat 415 an d’ADR mat 272 Interventiounen. Och an absolutten Zuele kënnt d’ADR just knapp hannert d’DP. De Roy Reding hat zwar am meeschte gefeelt an där Zäit, wéi aus de Statistiken iwwert d’Presencen ervirgoung, ma bei den Interventioune louch en nach ëmmer iwwert der Moyenne. Allgemeng hunn d’Oppositiounsdeputéiert souwuel an absolutten Zuele wéi am Schnëtt pro Deputéierte méi dacks intervenéiert wéi d’Majoritéitsdeputéiert.
Vun der Regierung hunn an de leschten 3 Joer de Mobilitéits- a Verdeedegungsminister a Vizepremier François Bausch, d’Gesondheetsministesch a Vizepremierministesch Paulette Lenert an de Premier Xavier Bettel am meeschte geschwat. D’Regierungsmember hu 1.548 Mol an der Chamber intervenéiert, respektiv am Schnëtt 91 Mol pro Regierungsmember.
Fir d’Statistik goufen allméiglech Interventiounen an der Chamber festgehalen, wéi laang d’Deputéiert bei all Interventioun geschwat hunn, ob dat e puer Sekonnen oder eng hallef Stonn war, geet also net doraus ervir - an iwwert den Inhalt vun de Wuertmeldunge seet d’Statistik natierlech och näischt aus.
D’Chamber huet d’Interventioune vun den Deputéierten zanter 2013 a bis den 22. Dezember 2022 verëffentlecht, fir dës Analys goufen awer just d’Interventioune vum 2. Juli 2019 bis den 20. Dezember gekuckt, deen Zäitraum, deen och bei der Statistik iwwert d’Presence couvréiert gouf.
D’Djuna Bernard, de Mars di Bartolomeo an de Marc Spautz hu wärend där Zäit ëmmer nees de President Fernand Etgen ersat a sinn deen Ament dann als President an net als Deputéiert intervenéiert. An der Statistik gëtt awer net differenzéiert, sou datt bei dëser Analys all hir Interventiounen als Interventioune vun Deputéierten interpretéiert goufen.
Bei der Rechnung vun den Interventioune jee no Duebelmandat goufe just déi 43 Deputéiert consideréiert, déi vu Juli 2019 bis Dezember 2022 am Amt waren. 17 Deputéiert hunn hiert Mandat bannent där Zäit ugeholl. Fir d’Interventioune pro Partei goufen all d’Interventiounen, also vun den aktuellen Deputéierten an deenen, déi si ersat hunn, zesumme gerechent. Dat selwecht gëllt fir d’Interventioune vun der Regierung.
RANKING
Presencen: Wéi gewëssenhaft ginn d’Lëtzebuerger Deputéiert an d’Chamber?