Mat 6 Joer kënne verschidde Kanner scho Selbstmord-Gedanken entwéckelen. Rar, ma Suicideversich kéimen och alt bei 10 Joer Ale vir. Wéi domadder ëmgoen?

Den nationale Service vun der Kannerpsychiatrie an der Kannerklinik: 2021 an 2022 koum et hei an der Moyenne zu 25 Hospitalisatiounen d’Joer, well Kanner versicht hunn, sech d’Liewen ze huelen. An 19 Fäll ware se mol net 13 Joer al.  D'Bindung zu den Elteren, zu den Haaptbezuchspersoune géif dobäi dacks eng wichteg Roll spillen, erkläert den Dr Claudio Pignoloni, Chef vum Service vun der Kannerpsychiatrie. "Et sinn och oft Kanner, déi an hirer Entwécklung verschidden Zorten Traumaen erlieft hunn. Ënner anerem Sträit och an der Famill oder Gewalt an alle Formen, déi ee ka fannen. An oft huet een Elteren, déi an hirer Parentalitéit a Schwieregkeete gerode sinn.”

Genetesch Predispositiounen, d'Elteren oder Bezuchspersounen, d'Ëmfeld, d'Gesellschaft ... An der Reegel sinn et méi Facteuren, déi e Kand dozou bréngen iwwer Suicide nozedenken oder souguer eng Tentative ze maachen. Verännert familiär Strukture kéinte matspillen. Elteren, déi immens vill Stress op der Aarbecht erliewen, wou och déi finanziell Sécherheet net méi do wier.

"Wat mer och oft hei gesinn, sinn Elteren, déi e Leidensdrock ausdrécken, voir eng psychiatresch Krankheet hunn”, seet den Kannerpsychiater.

Dës Eltere bräichten esou fréi wéi méiglech Ënnerstëtzung an Halt, fir eng gutt Bindung zum Kand opzebauen. Dat wier déi beschte Suicidepreventioun.

Unzeechen, déi ee sollt eescht huelen

Verschidde betraffe Kanner géifen d'Suicidegedanken oppen ausschwätzen. Dës Aussoe sollt een net banaliséieren, mee oppe mam Kand thematiséieren, him nolauschteren a konkret Froen dozou stellen, réit den Dr Claudio Pignoloni.

"Dat bréngt eng Entlaaschtung, well se endlech mol gehéiert ginn an d’Gefill kréien, do ass eng Persoun, déi och versteet wéi et mer geet.”

Méi eng staark Gereiztheet, Verhalensopfällegkeeten, Kanner, déi sech zréckzéien, an der Schoul manner gutt schaffen, net méi spillen, si weider och Unzeechen, déi ee sollt eescht huelen an e Spezialist opsichen.

Preventiv wier et do awer dacks schwéier bäizekommen, well d'Spezialiste zimmlech ausgelaascht wieren. De Chef vun der Kannerpsychiatrie bedauert, datt et zu Lëtzebuerg keng pluridisziplinär Struktur ausserhalb vum Spidol gëtt. Dat géif eng besser Preventioun erméiglechen.

Wann Dir selwer Hëllef braucht, kéint Dir Iech hei mellen