
2020 sinn am ganze 7.523 Kanner hei am Kand op d'Welt komm. Déi natierlech Gebuerten (5.354) hunn hei eppes méi wéi 71% ausgemaach.
D'Cesariennen mat 2.169 = 28,8%.
An de Joren 2014 bis 2016 war den Taux vu Keeserschnëtten nach op 32,2% geklommen.
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch an dem Minister fir sozial Sécherheet op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir.
Lëtzebuerg läit mat dëse Chifferen iwwert der europäescher Moyenne. Europawäit komme ronn 26% vun de Kanner per Keeserschnëtt op d'Welt. Den niddregsten Taux huet Norwegen iwwregens mat nëmmen 16,4%. Op Zypern dogéint gi méi wéi d'Hallschent vun de Kanner per Cesarienne gebuer. Lëtzebuerg géif sech änlech positionéieren wéi Éisträich an Däitschland, sou d'Ministeren Paulette Lenert a Claude Haagen. A verschiddene Länner kéint e spezifesche Profil vun der Mamm (Alter, Gewiicht, Virerkrankungen oder och eng fréier Cesarienne) grad wéi d'Lag vum Puppelchen oder den Zäitpunkt vum Accouchement ausschlaggebend sinn fir e geplangte Keeserschnëtt.
Allgemeng kéint een awer och feststellen, datt den Taux vun Cesariennen an deene Länner méi héich ass wou manner Informatiounen iwwert d'Gesondheet kommunizéiert ginn. 2021 goufen hei am Land nei Recommandatioune fir geplangte Keeserschnëtter vum Conseil scientifique du domaine de la santé eraus ginn.