An de Sportsveräiner gouf et 2021 hei am Land 968 Aarbechtsplazen, esou de Statec an enger neier Etüd.

Allerdéngs wiere just 18 Prozent vun deene Poste vu Frae besat. Bei den Trainer ware souguer just 16 Prozent Fraen, bei de Sportler just 15 Prozent. Bei den administrative Poste wiere par konter 48 Prozent vu de Poste vu Frae besat. D’männlech Predominanz am Sport wier dem Statec no doduercher z'erklären, datt déi meescht vun de ronn 77.000 aktive Membere vu Sportsveräiner Männer sinn. Hei si just 36 Prozent Fraen.

RTL

Am meeschten Emploi gëtt et am Futtball, mat 361 Posten. Wäit hannendru kënnt de Basket mat 102 Posten an op drëtter Plaz kënnt den Tennis.

2021 gouf et iwwregens 14.500 aktiv Fräiwëlleger am Sportberäich. E Fräiwëllege géing am Duerchschnëtt 76 Stonnen d'Joer fir säi Veräi schaffen, sou de Statec.