
© Archiv
2023 si Gemengen- a Chamberwalen, wärend déi etabléiert Parteien no an no hir Lëschte presentéieren, plangt och eng nei Beweegung hir Participatioun.
2023 gëtt zu Lëtzebuerg mat Bléck op d'Politik gären als Superwaljoer bezeechent. Wärend den 11. Juni Gemengewale sinn, ginn de 8. Oktober d'Chamberwalen organiséiert. Nieft CSV, DP, LSAP, déi Gréng, ADR, Piraten an déi Lénk trieden och Parteien un, déi aktuell net an der Chamber vertruede sinn. Bis elo war bekannt, datt nach d'KPL, déi Konservativ, Fokus a Volt untriede wäerten. Fokus a Volt hunn och zesumme mat den aktuell am Parlament vertruedene Parteien een Ofkommes ënnerschriwwen, dat ee fairen a sachleche Walkampf garantéiere soll.
Elo ass ze héieren, datt zousätzlech zu deenen eelef bekannte Parteien nach eng weider politesch Beweegung un de Walen deelhuele wëllt. Et handelt sech dobäi ëm de Veräin "Mir d'Vollek", dee mat oppene Biergerlëschten untriede wëllt. Wärend ee bei de Gemengewale wuel just an der Stad eng Lëscht zesummekréie wäert, plangt ee bei den Nationalwale mat komplette Lëschten an deene véier Walbezierker unzetrieden.
Aktuell huet "Mir d'Vollek" eegener Ausso no dräi Memberen a ronn 400 Sympathisanten. Datt net méi vun deenen Ënnerstëtzer dem Veräin bäigetruede sinn, wier ee bewosste Choix. Well een e komplette Wiessel vum politesch System plangt, wéilt een dem Staat esou wéineg wéi méiglech Informatiounen iwwert déi eenzel Leit liwweren. Well Leit, déi oppen hir Sympathie mat den Iddie vum Veräin weisen, dacks mat Nodeeler op der Aarbecht an am Privatliewe gedreet kriten, wier et grad bei de Gemengewale schwéier Kandidaten ze fannen.
D'Initiateure vu "Mir d'Vollek" si wärend der Corona-Pandemie duerch d'Organisatioun vun Demonstratioune géint der Regierung hir sanitär Mesuren opgefall. Well dobäi déi gesetzlech Virgaben net agehale goufen a wéinst Aussoen op soziale Medien, misste si sech deels méi wéi eng Kéier viru Geriicht veräntwerten. Aktuell riichte sech hir Protester an éischter Linn géint d'Politik vum Westen am Ukrain-Krich.