D’Vollekszielung vun 2021 weist, dass et liicht méi Männer ginn, anescht wéi dat nach 2011 de Fall war. Doriwwer eraus gëtt d’Populatioun méi al.

Par Rapport zu 2011 ass d'Populatioun ëm iwwer 25% gewuess, dat op bal 644.000 Residenten. En Dënschdeg de Moien huet de Statec d’Resultater vum leschte Recensement vun 2021 der Press presentéiert.

Dës Hausse vun der Populatioun hei am Land wier e Rekordwäert. An der EU ass d'Bevëlkerung an de leschten 10 Joer nämlech just ëm 1,7 Prozent geklommen, esou den Charlie Klein, Geograph beim Statec. A verschidde Länner wéi Italien, Portugal oder Griicheland, mee och Lettland, Litauen an Estland, ass d’Zuel vun den Awunner souguer zeréck gaangen.

Déi aktiv Populatioun wiisst

Zu Lëtzebuerg géing virun allem déi aktiv Populatioun staark wuessen. Dat well vill Leit op Lëtzebuerg kommen, fir hei ze schaffen. Dat huet och d’Verdeelung vun de Geschlechter liicht verännert. Anescht wéi nach virun 10 Joer ass dës Kéier den Undeel u Männer mat 50,4 Prozent liicht méi héich wéi dee weiblechen. Eng Interpretatioun kéint sinn, dass d'Migratioun tendenziell méi männlech, wéi weiblech ass.

Obwuel mat 79 Prozent net jiddereen hei am Land Enn 2021 bei der Erhiewung vum Statec matgemaach huet, representéieren d’Zuelen déi ganz Populatioun. Et wier nieft den Ëmfroe nach mat Regëster an Donnéeën vun den Administratioune geschafft ginn. Wéinst der Pandemie hu bal d’Hallschent vun de Leit d’Méiglechkeet genotzt, online Deel ze huelen. Dat waren 2011 just 3 Prozent. D’Participatioun allgemeng war virun 10 Joer awer ëm knapp 6 Prozentpunkte méi héich.

D’Populatioun gëtt ëmmer méi al

D'Altersmoyenne ass dem leschte Recensement no op 39,7 Joer geklommen, ee Joer méi wéi nach virun 10 Joer. Wat de Nowuess ugeet, esou läit d’Moyenne bei 1,4 Kanner pro Fra. Ma duerch deen aktiven Deel vun der Bevëlkerung, dee jo hei am Land staark zouhëlt, sinn déi meeschte Leit tëscht 25 an 55 Joer al. 2021 gouf et dann 91 Leit iwwer 100 Joer, wärend et der 2011 nach 67 waren.