Wéi um Site vun der Creos ze liesen ass, war tëscht 11.55 Auer an 12.49 Auer de Stroum zu Mamer fort.

Deemno waren d'Leit hei bal eng Stonn ouni Stroum.

Rezent goufen et zwee Mol eng gréisser Stroumpann am Norde vum Land, dat z.B. den 8. Februar am Raum Wolz/Wanseler/Wëntger, wou bis zu 97 Minutte laang de Stroum fort war.

De 5. Februar Ware Colmer-Bierg a Schieren eng 80 Minutte vum Reseau getrennt.

Den 8. Januar waren eng Partie Nordgemengen, dorënner Wolz a Wëntger, deels méi wéi zwou Stonnen ouni Stroum. Deemools war den Ausléiser vun der Pann en Defekt un engem Kabel mat Mëttelspannung um Posten zu Rulljen, un deem Wolz, Näertrech, iwwer Uewerwampech, Nacher, Heischent bis Eschduerf ugeschloss sinn.