Léisunge fir den akute Personalmanktem zu Lëtzebuerg
Bis 2030 wäerte weider 265.800 Persoune musse rekrutéiert ginn, dovun 30% fir ganz nei Posten. Och de Bankesecteur ass betraff.
D'Chambre de Commerce proposéiert Léisungen.
D'BIL hätt eng 50 Mataarbechter un de Staat verluer, seet hir Personalcheffin, d'Karin Scholtes. De Manktem u qualifizéierter Aarbechtskraaft wier och eng grouss Erausfuerderung fir d'Banken. Am Moment wiisst eis Ekonomie nämlech méi séier, wéi eis Populatioun, esou d’Karin Scholtes:
"Fir eis Wirtschaft weider esou oprecht ze erhalen, musse mer Talenter no bausse siche goen, well mer op der enger Säit en demographesche Problem hunn, mir hunn d'Babyboomers, déi wäerten an d'Pensioun goen op der enger Säit, mir hunn op der anerer Säit eng ganz dynamesch Ekonomie ëmmer nach.”
Ëm déi 70% vun de 463.607 Leit, déi hei schaffen, si keng Lëtzebuerger. Dofir ass et esou wichteg, dass Lëtzebuerg attraktiv bleift an auslännesch Aarbechtskraaft mat allerlee Qualifikatioune weider wëll op Lëtzebuerg kommen.
"Do muss ee Lëtzebuerg och nach eng Kéier ganz anescht verkafen, wann een déi Leit vu méi wäit hierhëlt , wéi wa se aus der Groussregioun kommen, wou se dann awer normalerweis Lëtzebuerg kennen a wëssen, wéi et hei funktionéiert."
Et wiere virun allem déi héich Liewenskäschten, op 1. Plaz natierlech de Logement, deen der Attraktivitéit vum Land schued. Grad ewéi den Trafic. Dat schreckt auslännesch Talenter dovun of, op Lëtzebuerg ze kommen, seet d'Sidonie Paris, Ekonomistin vun der Chambre de Commerce:
"Donc là ce sont vraiment des facteurs qui aggravent cette situation. D’ autant plus, que le Luxembourg est un petit pays, très ouvert vers l’extérieur et qui a besoin de cette main-d’oeuvre étrangère.”
D'Handelskummer wëll déi Problemer ugoen. Och eng Reform vun der Formatioun, Ausbildung a Weiderbildung, soll d'Situatioun laangfristeg verbesseren.
"On a aujourd’hui, à peu près 20% d’ une classe d’âge qui opte pour les matières scientifiques et techniques. Or on sait, ces profils techniques sont extrêmement demandés.”
Den Interessi un techneschen a wëssenschaftleche Fächer soll schonn an der Primärschoul, virun allem och fir Meedercher, gefërdert ginn.