Assises LogementHenri Kox bereet, fir de bëllegen Akt z'erhéijen

RTL Lëtzebuerg
Un de grousse Linne vum kritiséierte Mietgesetz hält de Ministère bis op Weideres fest. Just zwou kleng technesch Adaptatioune goufen an Aussicht gestallt.
© RTL Grafik

“Näischt maachen, ass keng Optioun”, sou de grénge Logementsminister Henri Kox e Mëttwoch de Moien op de Logementsassisen an der Abtei Neimënster. Op all d’Fuerderunge vum Bausecteur agoen, dozou ass de Ministère allerdéngs och net bereet. D’Handwierk an de Bausecteur hunn op en Neits en däischtert Bild vun der Situatioun um Terrain gezeechent. Den Ament géif quasi näischt kaf. Ouni Hëllef kéim Enn Fréijoer, uganks Summer “d’Guillotine”, sou de Roland Kuhn vum Gruppement vun de Bauentreprisen. Da géife riskéieren, vill Leit an de Chômage ze rëtschen, well keng Aarbecht méi do ass.

Séier a kuerzfristeg Hëllefe fir 12 Méint gefrot

De Bausecteur, d’Chambre des métiers an d’Patronat bleiwe bei hirer Fuerderung, datt d’TVA vun 3 Prozent fir Bauprojeten nees misst agefouert ginn. Beim sougenannten Amortissement accéléré sollt deen ale Regime nees spillen. Donieft bleift dat geplangte Mietgesetz en Dar am A. Et wieren ze vill Peitschen erausgeholl ginn, huet de President vun der Chambre immobilière Jean-Paul Scheuren gemengt.

Logementsminister bereet, fir iwwer bëllegen Akt an Enregistrementsfraisen ze schwätzen

De Logementsminister Henri Kox wëll eegenen Aussoen no “e faire Kompromëss” fannen, fir e méi abordabele Wunnengsmaart ze schafen. Déi gefuerdert Reduktioun vun der TVA gesäit de Minister kritesch, notamment wéinst dem europäesche Konkurrenzrecht. Changementer beim Amortissement accéléré hat d’DP-Finanzministesch dës Woch scho bei eis op der Antenn ausgeschloss.

Den Henri Kox seet sech awer bereet, fir iwwert eng Hausse vum bëllegen Akt an Adaptatioune bei den Enregistrementskäschten ze schwätzen. Ob den Zäitplang vun de Mesuren den Terrain zefriddestellt, muss sech weisen. En Timing, wéini déi kuerzfristeg Hëllefe komme sollen, gouf e Mëttwoch allzäit net genannt.

Den Direkter vun der SNHBM Guy Entringer huet sengersäits betount, datt déi ëffentlech Bauträger kee Projet op Äis wäerte leeën. Och wann d’Demande zréckgeet. Wat schonn de Fall ass.

Ministère hält u Grondprinzippie vum Mietgesetz fest

Ganz vill Kritik gouf et déi lescht Wochen a Méint bekanntlech um geplangte Mietgesetz. Der ASBL Mieterschutz bleift besonnesch d’Loyersberechnung am Albau en Dar am A, déi weider zu héije Loyere géif féieren. Och missten d’Mietkommissioune professionaliséiert ginn. Déi nei Propos vum Henri Kox, fir datt de Loyer all zwee Joer ëm 10 Prozent an d’Luucht soll kënne goen, wier an deem Kontext héchstens “eng Karamell”, sou de President vum Mieterschutz Jean-Michel Campanella géintiwwer RTL.

Back to Top
CIM LOGO