Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill wëllt d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht aus éischter Instanz géint déi erhéichte Grondsteier net akzeptéieren.

Viru ronn dräi Joer hat den Dikrecher Gemengerot unanime decidéiert, d'Grondsteier op Terrainen, déi am Bauperimeter leien a net genotzt ginn, zwanzegmol méi héich unzesetzen. Den Interieur hat déi Mesure guttgeheescht. 2021 haten allerdéngs 15 betraffe Persoune virum Verwaltungsgeriicht geklot a lescht Woch an éischter Instanz Recht kritt, dat haten d'Kolleege vum 100,7 gemellt. Ma d'Gemeng dierft wuel géint dat Urteel an Appell goen.

Diskussioune ronderëm d'Grondsteier zu Dikrech

Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill huet op Nofro hi matgedeelt, datt hie weiderhin der Meenung ass, datt d'Decisioun, d'Grondsteier an d'Luucht ze setzen, richteg war. Et hätt ee weider ee Besoin u Logement. Dowéinst géif de Schäfferot am nächste Gemengerot doriwwer ofstëmme loossen, ob d'Gemeng an Appell goe soll. Hie perséinlech wier op alle Fall derfir, a well d'LSAP zu Dikrech eng absolut Majoritéit huet, dierft et och dozou kommen. Datt d'Verwaltungsgeriicht seng Decisioun ënnert anerem mat der feelender Proportionalitéit begrënnt huet, kann de Claude Thill net novollzéien.

Claude Thill: "Do si jo Parzellen derbäi, déi laang laang Jore bebaubar sinn. Do ass jo zum Deel drop och spekuléiert ginn. Wann ee kuckt, wat déi Terrainen u Valeur zougeholl hunn, wat se haut wäert sinn, wat se virun 10, 20, 30, 40 oder 50 Joer wäert waren, dann ass et net demesuréiert wat elo do als Taxe respektiv Grondsteier muss bezuelt ginn."

Den CSV-Conseiller Charles Weiler gesäit déi eege Positioun confirméiert. Et hätt een d'Erhéijung zwar matgestëmmt, mee se gläichzäiteg als iwwerdriwwe kritiséiert. Hie selwer wier net derfir an Appell ze goen.

Charles Weiler: "Wann der mech perséinlech frot, da sinn ech der Meenung, datt mer net an Appell solle goen. Mir sollte rëm eng Erhéijung envisagéieren, mee dës Kéier mat engem proportionéierten Taux, deen d'Riicht hält. Et ginn och aner Gemengen, déi Erhéijunge gemaach hunn, mee déi hu räsonabel erhéicht. Ech mengen dat wier de richtege Wee an net lo rëm op d'Geriicht lafen, mir hu genuch Affären zu Dikrech um Geriicht an et muss iergendwann eng Kéier ophéiere mat deene Geriichtsaffäre mat der Dikrecher Gemeng."

De José Lopes vun der DP hält d'Uerteel fir richteg a plädéiert wéi de Charles Weiler fir eng méi niddereg Hausse vun der Grondsteier. Seng Decisioun fir déi deemoleg Erhéijung begrënnt hien esou.

José Lopes: "Ech hu se manner an deem Sënn geholl, well ech iwwerzeegt war, et wär eng grondrichteg Decisioun. Ech hu se vill méi an deem Sënn geholl, datt vläicht déi Diskussioune ronderëm déi Decisioun, eng méi large Diskussioun ëm eng Steierreform oder och méi spezifesch déi B6 an déi Taxen, déi d'Gemengen dofir froen, vläicht kéint befeieren."

Ob hie fir oder géint een Appell stëmme wäert, do wollt de José Lopes sech nach net festleeën. Anescht de Frank Thillen vun deene Gréngen, hie géing een Appell net ënnerstëtzen. D'Hausse vun der Grondsteier wier zwar richteg, awer ze héich ausgefall an d'Mesure falsch ëmgesat ginn.

Frank Thillen: "Mir haten dono doropshin Morcellementer um Dësch, wou sech da rausgestallt huet, datt Parzellen, déi iwwer 200 Meter géi de Bierg op goungen um Härebierg integral als Bauland agestuuft waren, well déi Base de données, déi heifir genotzt gouf, am Fong guer net heifir geduecht ass. Si hunn d'Base de données vum Impôt foncier geholl, déi säit éiwegen Zäiten net méi aktualiséiert gouf."

Beim Vott dierft de Frank Thillen awer wuel net am Raum sinn, well hien als Proprietär selwer vun der Mesure betraff ass. Déi nächst Sëtzung vum Dikrecher Gemengerot dierft Enn Mäerz sinn.