Etüd vum CHLOch bei Kanner muss een de Cholesterol am Bléck behalen

Lynn Cruchten
Ze héije Cholesterol kritt een net just mam Alter. Et kann zum Beispill och genetesch bedéngt schonn an der Kandheet optrieden.
Och bei Kanner muss een de Cholesterol am Bléck behalen
Ze héije Cholesterol kritt een net just mam Alter - et kann zum Beispill och genetesch bedéngt schonn an der Kandheet optrieden.

Am Oktober 2021 gouf via de CHL eng Etüd lancéiert, fir méi iwwert déi sougenannt “Hypercholesterolémie familiale” erauszefannen. Zënterhier goufen eng 2.800 Schüler a Schülerinnen aus de Stater Grondschoulen invitéiert, bei der Etüd matzemaachen. Knapp d’Hallschent hat dat mam Accord vun den Eltere bis Mëtt Februar 2023 gemaach.

Wourëms geet et?

Iwwert eng Bluttprouf, bei där just kuerz an de Fanger gepickt gëtt, léisst sech de Cholesterolwäert am Kierper moossen. Ze vill Cholesterol am Blutt gëllt als Risikofacteur fir kardiovaskulär Problemer. Dacks hänkt de Cholesterol mat engem ongesonde Liewensstil zesummen. Mä et kann een och eng Hypercholesterolémie verierft kréien.

Meeschtens méi Leit a Famill betraff

Wann ee bei engem Kand fréi erkennt, dass et sou eng Hypercholesterolémie familiale huet, da fënnt ee meeschtens och bei den Elteren oder Geschwëster Wäerter, déi ze bedenke ginn. De Virdeel ass, dass wann een et mat Zäiten diagnostizéiert, kann een et mat Medikamenter gutt behandelen, fir de Risiko fir en Häerzinfarkt zum Beispill ze reduzéieren.

Tëschebilan vun der Etüd

14 Kanner kruten opgrond vun ze héijem Cholesterol un d’Häerz geluecht, den zoustännege Service an der Kannerklinik ze kontaktéieren. Net all hunn dat gemaach. An dräi Fäll besteet effektiv de Verdacht op eng genetesch Erkrankung. Si gi vun de Servicer am CHL suivéiert.

Back to Top
CIM LOGO