"E Schlag an d'Gesiicht"Studente kritiséieren neie Quereinsteiger-Bachelor

Fanny Kinsch
Ee Joer Spezialisatioun no engem anere Bachelor amplaz vun enger Formatioun als Enseignant a 4 Joer.
Studente kritiséieren neie Quereinsteiger-Bachelor
Ee Joer Spezialisatioun no engem anere Bachelor amplaz vun enger Formatioun als Enseignant a 4 Joer.

D’Uni Lëtzebuerg an den Educatiounsministère hunn den neie Pädagogik-Bachelor fir Quereinsteiger virgestallt. Guer net dovunner begeeschtert sinn déi Studenten, déi dee klassesche Unisparcours fir Enseignant maachen. Nodeems de Programm vum neie Bachelor presentéiert gouf, hunn d’Studentevertrieder sech séier ausgetosch a sinn zum Schluss komm: Hiert Studium géing ofgewäert ginn. Et géing een dat als Schlag an d’Gesiicht empfannen, seet de Laurent Schmit, Vertrieder vun de Studenten am 8. Semester vum Erzéiungswëssenschaftsbachelor.

“Déi Persoun, déi dräi Joer virdru studéiert, huet en anere Bachelor, en Relatioun mat den Objektiver vum Enseignement fondamental, wéi dat ëmmer erëm widderholl gëtt. Déi Leit, déi hu guer keng Erfarunge mat Kanner virdru gesammelt an dat ass am Fong aus eiser Siicht dat Dramateschst. An deem enge Joer kann ee vill gesinn, awer ganz sécher net, dat wat mir iwwer déi véier Joren am Bachelor Sciences de l’Éducation mat op de Wee kréien.”

Mam neie Bachelor muss een am Ufank vu senger Karriär méi Stagë a Formatioune maachen an et dierf een net am Cycle 1, also Precoce a Spillschoul, enseignéieren.

“An der Virstellung gouf jo och den Accent do drop geluecht, dass d’Fréifërderung effektiv eppes ganz Komplexes ass, wat mir an eisem Studium och kenneléieren. Mee an eisen Ae läit dat einfach do drun, dass am Cycle 1 am Fong effektiv kee Besoin besteet, sou dass de Ministère eigentlech net drop ugewisen ass, Quereinsteiger ze kréien, déi am C1 schaffe kënnen.”

D’Quereinsteiger waren och Thema an der Chamber, op Demande vun der LSAP, déi net prinzipiell géint e Quereinsteiger-Parcours ass, sech awer eng Rei Froe stellt, wéi d’Francine Closener erkläert huet.

“Tëscht engem Student, deen zum Beispill an England Konscht studéiert oder engem, deen an Däitschland Sport studéiert, do sinn d’Viraussetzunge jo awer ënnerschiddlech, wa se op der Uni hire pedagogesche Bachelor dann ufänken. Et ass eng grouss Suerg vun eis, datt där Heterogenitéit do Rechnung gedroe gëtt a mir hunn och e wéineg Bedenken, datt zwee Semester net duer géife goen, fir dat ze maachen.”

Géing den aktuelle Bachelor elo auslafe gelooss ginn oder just nach fir de Cycle 1 bestoe bleiwen? Den Educatiounsminister Claude Meisch huet op alle Fall verséchert, d’Uni misst sech weider engagéieren, méi Jonker an de klassesche Bachelor fir Erzéiungswëssenschaften eran ze kréien, 180 Studente pro Joer.

Back to Top
CIM LOGO