D'Ambitioun wier et, datt Kanner an déi Jonk vun haut bis 2040 déi lescht Generatioun wären, déi mam Tubak opwuessen.

Déi nei national Strategie vun der Fondatioun Cancer setzt deemno op eng Generatioun ouni Tubak. 36 Partner schaffen dowéinst mat der Fondatioun zesummen.

D'Politik an d'Ëffentlechkeet sollen och vun der Strategie iwwerzeegt ginn.

Bis 2040 solle manner wéi 5% vun der Populatioun nach fëmmen, dat ass d'Zil. An enger Ëmfro sote 60% vun de Leit, datt Mesurë géint den Tubak hei am Land onbedéngt néideg wären. 8 vun 10 Leit wäre prett, d'Generatioun ouni Tubak z’ënnerstëtzen.

D'Strategie setzt op 6 Mesuren. All Joer soll de Präis vum Tubak ferm erop goen. D'Preventioun soll verbessert ginn, fir datt jonk Leit guer net ufänke mat fëmmen. Och e bessere Schutz géint Passivfëmme soll et ginn.

All Form vu Reklamm soll verbuede ginn, donieft sollen Zigaretten an Tubak  op manner Plaze verkaf ginn. Aktuell géif een all Supermarché Zigarette kréien.

Besonnesch déi Jonk fëmmen nees méi, 37% vun hinnen am Alter tëscht 18 a 34 Joer méi oder manner reegelméisseg. D'Shisha-Fëmmen ass do derbäi, net awer d'Elektrozigarett. Nei Produiten um Marché, wéi de Nikotinsäckelchen, ginn och ëmmer méi beléift.