Isolatioun a Maskeflicht si geschwënn eriwwer

© unsplash.com
Et wier an der aktueller Situatioun ubruecht, dass d'Haaptmesurë géint de Coronavirus opgehuewe ginn.
Dat war de generelle politeschen Echo no enger éischter Sëtzung vun der parlamentarescher Santéskommissioun e Méindeg de Moien.
Och déi gréisst Oppositiounsfraktioun geet mat op de Wee, deen d'Regierung proposéiert, sou den CSV-Covid-Spriecher Claude Wiseler. D'Infektiounszuele wieren niddereg an Omikron wier weesentlech manner pathogen an et géing kee Sënn maachen, déi Mesurë bäizebehalen.
De President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo präziséiert, dass am Santés- a Fleegesecteur d'Maskeflicht duerchaus bestoe bleiwe kann, awer ouni, dass dat gesetzlech gereegelt ass. "Do wou Masken nach e Sënn erginn, do wou et vulnerabel Leit gëtt, wéi a Spideeler an Altersheemer, do kann d'Droe vu Masken an interne Reglementer weidergefouert ginn."
Fir d'CSV ass op deem Punkt wichteg, dass d'Regierung uniform Recommandatioune fir dës Secteuren erausgëtt.
Déi gréisst Oppositiounsfraktioun erënnert och nach emol un d'Pandemie-Gesetz, dat onbedéngt an dëser Legislatur nach misst duerch d'Chamber goen. Wat déi aktuell Changementer ugeet, soll séier geschafft ginn, betount de Kommissiounspresident. Wann alles riicht geet, kann dat neit Gesetz nach an der leschter Woch vum Mäerz a Kraaft trieden, sou de Mars Di Bartolomeo.
Net all d'Covid-Dispositioune falen ewech, ënner anerem déi a punkto Vaccin bleiwe lo mol bis d'Enn vum Joer bestoen.