Wéi den Educatiounsminister Meisch e Freideg op enger Pressekonferenz annoncéiert huet, soll fir d'Schouljoer 2023/24 eng nei Sektioun agefouert ginn.

Vum nächste Schouljoer un wäert d'Sektioun "P" - Sciences cognitives an humaines an 3 Lycées classiquen am Land ugebuede ginn. Nämlech am Lycée Belval, am Stater Jongelycée an am Lycée Classique zu Dikrech.
Se fokusséiert sech op d'Entwécklungen an der Gesellschaft a versicht d'Verhale vum Mënsch ze verstoen. An engems soll d’P-Sektioun déi Jonk op déi technologesch Verännerungen an der Gesellschaft virbereeden, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.
“Dofir si Sciences humaines a sciences sociales, also Geeschteswëssenschaften och vu grousser Bedeitung a mir hu festgestallt, datt grad am klassesche Lycée, dee sech jo awer der humanistescher Bildung verschriwwen huet, eigentlech déi Fächer ënnerrepresentéiert waren. Dofir hu mer déi Initiative lancéiert, eng nei Sektioun "P" ronderëm d’Fächer Pedagogie, Psychologie a Soziologie och ze schafen och mat enger pedagogescher Innovatioun. Dat transversaalt Denken awer och dat wëssenschaftlecht Denke vun de Schülerinnen a Schüler soll gestäerkt ginn”

Nieft der Sektioun "P" soll awer och d’Offer am Technique mat der Sectioun Technologies, sport et santé erweidert ginn. Se setzt de Schwéierpunkt op d'Sportwëssenschaft, d’Technologie a sozial Kompetenzen.

Iwwerdeems soll déi nei Ausbildung vum Assistant d’accompagnement au quotidien d'Schüler drop virbereeden, fir kënnen am soziale Beräich ze schaffen, zum Beispill an der Fleeg.

Zënter e puer Joer scho setzt sech de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend fir eng Moderniséierung an Diversifikatioun vun der Schouloffer an. Zejoert gouf d'Offer scho mat der Sektioun "N", déi sech op den Entreprenariat fokusséiert, erweidert.