De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot bemängelt, datt Refugiéen ze vill kontrolléiert an ze mann integréiert ginn.

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot kritiséiert an engem Schreiwes op en Neits d'Immigratiounspolitik vun der Regierung.

Konkret geet et ëm d'Strukturen, an deenen Refugiéen ënnerbruecht ginn, déi vum Office National de l'Accueil geréiert ginn.

Déi Strukture wäre vun iwwer 730 Sécherheetsagenten ronderëm d'Auer geséchert, respektiv iwwerwaacht. Iwwer déi nächst 4 Joer géif d'Gerance vun deene Strukturen warscheinlech 120 Milliounen Euro kaschten, dofir misst en neit Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn. Eng astronomesch Zomm, fënnt de Flüchtlingsrot, am Verglach mat deem, wat fir d'Integratioun vun de Refugiéen ausgi géif. Do géif ee sech am eestellege Milliouneberäich befannen, kritiséiert de Flüchtlingsrot. Dobäi wär et méi wichteg déi Leit ze psychologesch a sozio-edukativ ze betreien ewéi se ze kontrolléieren.