Vill Affer géifen awer keng Plainte maachen, sou d'Autoritéiten. Et geet ee vun enger héijer Donkelziffer aus.

D'Lisa* (20 Joer al) war deemools 16 Joer al, wéi si vun hirem fréiere beschte Kolleeg iwwerwaacht, verfollegt a belästegt gouf – physesch an iwwer digital Plattformen.

Genannt ginn dës Dote Stalking a Cyberstalking, respektiv “harcèlement obsessionnel” um Geriicht. Ma d'Lisa war deemools mannerjäreg an hat de Courage net, mat engem Erwuessenen doriwwer ze schwätzen oder eng Plainte bei der Police ze maachen. Dat Ganzt huet bei him Spueren hannerlooss: bis haut huet déi jonk Fra mat Angscht-Stéierungen ze kämpfen.

Esou wéi der jonker Studentin geet et hei am Land wuel e puer Leit. Dem Marc Ragnacci, Chef-Kommissär vum Preventioun-Service vun der Police, no wier d'Donkelziffer vun de Fäll hei am Land héich. Dat, well net all Affer mécht och eng Plainte mécht. Dacks géif et sech beim Täter ëm eng Persoun handelen aus dem enken Ëmfeld – e gudde Kolleeg, een Ex-Partner, eng Persoun vun der Aarbecht.

Dem Aline Hartz vum Kanner- a Jugendtelefon a Bee Secure no géife vill Affer d'Situatioun net direkt richteg aschätzen a wouer huelen. Eng Rei vun hinne géifen d'Verhale vum Täter net direkt als obsessiv gesinn, respektiv als strofbar astufen. Dobäi bleift awer den Tipp: Wann ee bei enger Sms, engem Appell, enger Renconter e schlecht Bauchgefill huet, datt ass et, well eppes net ok ass. A wann eng Persoun keng Limitte respektéiert an onerlaabt an engem seng Privatsphär andréngt, dann ass dat strofbar.

*Fiktiven Numm

Dir kënnt d'Redaktioun kontaktéieren op dossier@rtl.lu.