4 Joer Pilotprojet
En hëlleft beim schlofen, géint Péng a kann och nach bei anere Krankheetssymptomer agesat ginn. Rieds ass vum Cannabis.
De Cannabis ass zanter 2018 zu Lëtzebuerg fir gewësse medezinesch Zwecker erlaabt. Ugangs war et als Pilotprojet fir zwee Joer geduecht. Elo wär et nach ëmmer e "Work in Progress".
De Jacques Steffen huet zanter 45 Joer Multipel Sklerose. Eng Nervekrankheet, déi en net schlofe léisst, staark Péng a Spastik bei him verursaacht: "Mäi grousse Probleem mat der MS ass, dass ech fuerchtbar Spastik an de Been hunn an domadder ass alles a Fro gestallt. Domadder kann een, wann ech beim Kiné sinn, net vill Übunge maachen. Dat ass alles schwiereg an och dat deet wéi. Sou, dass ech eng Léisung gesicht hunn. A mam CBD ass dat méiglech."
Hie wär awer och e méigleche Patient fir medezinesche Cannabis. Chronesch Péng, MS a Kriibs gehéieren zu de Pathologien, déi d'Santé am Ufank vum Pilotprojet definéiert huet.
Leschte Summer huet dem Jacques Steffen säin Neurolog dunn och de medezinesche Cannabis eng éischte Kéier ugeschwat. Eppes an dat hie grouss Hoffnunge setzt. Do ass och nach THC dran: "Ech ka mir virstellen, dass ech duerch den THC, deen am medezinesche Cannabis ass, dass ech do nach besser Resultater hunn.", esou de Jacques Steffen.
De medezinesche Cannabis kascht näischt. Fir réng CBD-Produiten ass näischt am Pilotprojet virgesinn. Déi kritt een zwar ouni Rezept, do muss een awer och de volle Präis bezuelen. Ronn 300 Euro de Mount bezilt hien aktuell fir d'Erliichterung, déi him déi Drëpse ginn.
De Joé Buchler schafft an engem CBD Shop an ass selwer Patient fir medezinesche Cannabis: "Ech hunn a sech eng chronesch Krankheet, déi mécht, dass ech chronesch Péng hunn. An ech kann och net op aner Medikamenter ofwäichen. Aus dem einfache Grond, mäi Mo verdréit si net. Also meng Niewewierkunge bei normalen traditionelle Medikamenter si bal nach méi schlëmm wéi d'Péng selwer. Mir perséinlech erméiglecht et e bessert Liewen ze hunn. Einfach well ech do awer normal ka liewen, schaffe goen, meng Péng net mäin Alldag bestëmmt."
De Pilotprojet hätt him och e Stéck Fräiheet rëmginn. An Zukunft géif en sech awer och wënschen, méi Auswiel bei den Zorten ze hunn. Aktuell wéist een ni, wéi eng vun den zwou Zorten, déi et am Moment ginn, kritt. A mat deene verschiddenen Zorte spiert een och verschidde Wierkungen, esou de Joé Buchler.
Och gouf et wärend der Pilotphas Fäll, bei deenen et eng Rupture de Stock gouf. Fir Leit, déi sech op ee Medikament verloossen, war dat schwiereg. De Fournisseur ass awer gewiesselt ginn an et si keng weider Fäll méi bekannt.
D'Line Olinger ass d'Presidentin vu Cannamedica Luxembourg ASBL. Si setze sech fir all d'Theme ronderëm de medezinesche Cannabis an. Si si frou iwwert déi éischt Ouverture, déi 2018 gemaach ginn ass, empfannen de Pilotprojet awer als ze restriktiv.
"Ech mengen, e misst vill méi breet zougänglech gemaach ginn, well et weess een oft net, ob e wierktoder net. Well en eben eng diffus Wierkung huet op eisen Endocabanoidsystem. Dat ass réischt 2021 entdeckt ginn. Sou, dass do wou de Cannabis verbuede war, net vill Fuerschung ass. Ech wéilt, et géif vill méi gefuerscht ginn. Wa sou Gesetzer gestëmmt ginn, da baséiere si sech meeschtens op d'Fuerschung."
Den aktuelle Pilotprojet baséiert op Recommandatioune vun enger Metaetüde vun 2017.
783 Patiente krute bis 2021 medezinesche Cannabis verschriwwen. De Bilan vun den éischten zwee Joer fënnt een hei.