Op den 1. Abrëll klëmmt de Basistaux bei de Banken, a verschiddene Fäll op iwwer 5 Prozent.

Leit, déi e Prêt am Taux variabel hunn, wäerten dat bei der Mensualitéit spieren. Duerch déi reegelméisseg Haussen an de leschte Méint kann dat bei verschiddene Clientë substanziell sinn, wéi e puer Beispiller weisen, déi RTL vu Lieser zougedroe krut.

E konkret Beispill

E Lieser huet RTL geschriwwen, dass en am Summer 2022 en Taux variabel vun 1,65 % hat, an engem Schreiwes vun der Bank stoung elo, dass dësen eng weider Kéier klëmmt, dat elo op 5,05 Prozent vum 1. Abrëll un.

Virun engem Joer hätt ee pro Mount ronn 1.600 Euro rembourséiert. Elo misst een 2.100 Euro de Mount bezuelen an dat obwuel een 30.000 Euro vum Kredit direkt ofbezuelt hätt an elo nach eng Reschtschold vu knapp 300.000 Euro hätt.

Wat de Prêt méi grouss ass, wat d'Hausse méi staark ausfält

Op Nofro hu Leit aus dem Bankesecteur erkläert, dass verschidde Leit fir hiert eegent Doheem eng Schold vun iwwer 1 Millioun Euro gemaach hätten. A Fäll, wou se ganz am Taux variabel geléint goufen, wier et elo ee Plus vun iwwer 2.000 Euro. Elo op en Taux fixe wiesselen, wier keng laangfristeg Alternativ, well dës elo an engem änleche Beräich leien. Kuerzfristeg kéint et allerdéngs interessant sinn. De fixen Taux wier deelweis bei kuerzer Dauer méi interessant wéi de variabelen, esou den Expert. Vill Spillraum hätten d'Banken hei net, eng Alternativ wier, d'Lafzäit ze verlängeren, mee och dat wier keng Wonnerléisung.

Clientë mat Bréckekredit kréien et net einfach

Virop Leit, déi ee Bréckekredit gemaach hunn, fir d'Zäit ze iwwerbrécken, fir zum Beispill vun engem Appartement an een Haus ze plënneren, dat nei gebaut gëtt, kréien et net einfach. Dës géife wärend der Iwwergangszäit, vu maximal 2 Joer, nëmmen d'Zënse vum Prêt bezuelen, esou ee Banker, deen zanter Jore Privatclientë beréit. An engem konkrete Fall hätt en elo eng Koppel gehat, wou knapp 13.000 Euro d'Joer bezuelt hätt, elo wieren et quasi 33.000 Euro.

Eng Rei Experten, mat deene mir geschwat hunn, ginn dovun aus, dass an den nächste Méint eng ganz Partie Leit hir Prêten nëmmen nach schwéier wäerte kënne rembourséieren, am schlëmmste Fall misste se hir Wunneng oder hiert Haus nees verkafen.

Keng vun de Persoune wollt mam Numm zitéiert ginn, well se all a grousse Banke schaffen.

Wëllt Dir Kontakt mat der RTL-Redaktioun ophuelen, da mellt Iech op dossier@rtl.lu.