De Mohamed Cheglal vu Mont-Saint-Martin huet dëst zu Ettelbréck gemaach, andeems hien e Mann vun de Schinne gerett huet, ewéi en owes mam Zuch vun der Aarbecht heem fuere wollt.
E puer Woche méi spéit krut hien eng Auszeechnung vun der Ettelbrécker Gemeng dofir. Zu Mont-Saint-Martin nenne se de Mohamed Cheglal en “Super Momo” an e gëtt als Held ugesinn.
De Mohamed huet eis déi ganz Geschicht erzielt , wéi et geschitt ass a firwat et him nach ëmmer schwéier fält, op déi Plaz, op där et geschitt ass, zeréck ze goen.