Méi Kameraiwwerwaachung am Zentrum vun der Haaptstad
Dat gouf am Stater Gemengerot festgehalen. Dofir gestëmmt hunn d’DP, CSV an LSAP.
24 Kamerae wäerten um Hamilius, ëm de Boulevard Royal, den ieweschten Deel vun der Groussgaass, d’Rue Aldringen an den ieweschten Deel vun der Rue de la Poste hänke kommen. Eng Kameraiwwerwaachung an der Stad wier néideg, well d’Zuel vun den Infraktioune laut Policestatistiken op dëse Plaze staark an d’Luucht gaange wier, sou DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
An der Zon um an ëm den Hamilius goufen zejoert 963 Infraktioune vun der Police festgehalen. 2019 waren et eng 420, 2021 waren et der 503 an 2021 eng 560. "Et gëtt net nëmmen en Onsécherheetsgefill, et gëtt eng Onsécherheetsrealitéit", esou d’Buergermeeschtesch.
Déi Gréng sinn der Meenung, dass Kameraen op der Plaz selwer an op de Quaie gerechtfäerdegt wieren, net awer eng Iwwerwaachung an deem Mooss. Dëst géing just e Verdrängungseffekt an aner Stroossen mat sech zéien, wéi een et schonn op der Gare hätt kënne gesinn. D’Zuelen zu der Kriminalitéit wieren och deels en Trugschluss. Eng Augmentatioun géing et zwar mat Sécherheet ginn, sou de Conseiller François Benoy, ma et géing och méi eng grouss Zon gekuckt ginn, fir d’Statistike fir d’Plaz ze erstellen an de Flux vu Leit wier generell och méi grouss ginn. Déi Gréng hunn sech beim Vott enthalen.
De Guy Foetz vun déi Lénk huet och nach drop higewisen, dass d’Evaluatioun vun der Kriminalitéit schwéier anzeschätze wier, well et géingen Zuele verglach ginn, mat deenen zu Covid-Zäiten, wou vill manner lass war. Fir de Bilan ze zéien, ob eng Iwwerwaachung ëm den Hamilius néideg ass, géingen dann d’Infraktioune gekuckt ginn, déi et an der ganzer Strooss ginn hätt. D’Avenue Monterey oder d’Groussgaass wieren awer laang Stroossen. Eng Ausdeenung vun der Iwwerwaachung an deem Mooss, wier fir déi Lénk net ze vertrieden. Si hunn deemno dogéint gestëmmt.
Doriwwer eraus gëtt d’Kameraiwwerwaachung beim European Convention Center um Kierchbierg op der Place de l’Europe vun der Police iwwerholl. Dës ginn dräi Méint am Joer genotzt, wann den Europäesche Conseil ofgehale gëtt. Och hei gëtt et awer eng Ausweidung vun der Iwwerwaachung, déi bis zu der Plaz virum Infinity Tower reecht.