Der Steierverwaltung feelt et u Personal

Bei der Steierverwaltung ass d'Zuel vun Dossieren, déi mussen traitéiert ginn, déi lescht Jore méi staark gewuess ewéi d'Zuel vum Personal.
Et ass e klassescht Beispill fir ee vun de grousse Problemer hei am Land z'illustréieren: Bei der Steierverwaltung ass d'Zuel vun Dossieren, déi mussen traitéiert ginn, déi lescht Jore méi gewuess ewéi d'Zuel vu Personal. Dowéinst – an do si sech all d'Parteien an der Chamber eens – soll d'Steierverwaltung méi astellen. Donieft soll se och digitaliséiert ginn an et soll versicht ginn, d'Büroen, déi op 14 Plaze verdeelt sinn, méi no beieneen ze bréngen.
D'Budgets- a Finanzkommissioun vun der Chamber krut e Freideg eng entspriechend extern, onofhängeg Analys presentéiert, déi de Prozess ënnert d'Lupp geholl an en Etat des Lieux gemaach huet. Graff resuméiert ass de Constat, datt d'Steierverwaltung méi Moyene bräicht. Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, mä och d'CSV si sech all Eens datt d'Verwaltung déi Moyenen och soll kréien. Leit fannen an hunn, déi gutt qualifizéiert sinn a mat enger komplexer fiscaler Matière, déi permanent evoluéiert eens ginn, ass awer net einfach. D'Luxtimes hat puer Mol bericht, datt et der Steierverwaltung net gelongen ass, déi erwënschten Zuel u Leit ze rekrutéieren.
Grad dowéinst wier d'Moderniséierung vun der Steierverwaltung esou wichteg, huet et e Freideg vun der Finanzministesch Yuriko Backes geheescht. Dat kéint nämlech dozou féieren, datt d'Aarbecht méi attraktiv gëtt. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché huet hirersäits proposéiert, datt Employéë bei der Steierverwaltung solle méi Méiglechkeete kréien, fir wärend der Karriär eng aner Plaz oder Tâche ze kréien.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar ass esouguer méi wäit gaangen an huet sech fir eng "Operation coup de Poing" ausgeschwat. Hien huet der Finanzministesch proposéiert, zum Beispill pensionéiert Beamte vun der Steierverwaltung fir 6 Méint oder ee Joer mat engem CDD anzestellen, fir ze hëllefen, de Bierg vun Dossieren ofzebauen. Si hätt d'Iddi "flott" fonnt an "et misst een doriwwer nodenken".
Méi ewéi 8.000 Dossiere waarden drop traitéiert ze ginn, sou de Laurent Mosar. "En Héritage", esou d'DP-Finanzministesch Yuriko Backes. Hire Parteikolleeg, den Deputéierten André Bauler huet mat enger Grafik am Grapp erkläert: Zanter 2006 ass d'Zuel un Dossieren ëmmer méi an d'Luucht gaangen. Eréischt 2015 huet d'Steierverwaltung ugefaange méi Leit ze hunn. Ass de Personalmanktem vun haut nach d'Konsequenz vun der Politik vum deemolege Finanzminister Luc Frieden? Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet säi Spëtzekandidat a Schutz geholl: "Lo kann een ëmmer rëm doriwwer philosophéieren, wéini datt dat doten ugefaangen huet." Hie géing feststellen, datt d'Situatioun haut kee kéint zefridde stellen.