D'Diagnos léisst dacks laang op sech waarden
Lipödem ass eng Fettverdeelungsstéierung, déi haaptsächlech Frae betrëfft.
Péng, Waasser-Oflagerungen, blo Flecken a Gelenkproblemer sinn déi kierperlech Symptomer. Donieft leiden d'Patientinnen dacks awer och ënnert psychescher Belaaschtung, well déi chronesch Krankheet a ville Fäll net direkt diagnostizéiert gëtt. Ofhuelen oder méi Beweegung hëllefen net, d'Patientinne fille sech eleng. Besonnesch hei am Land géing et u spezialiséierten Doktere feelen. D'Lipödem ASBL wëll an deem Sënn opklären.
Virun 3 Joer hat d'Gaby Vosman-Goedert, d'Presidentin vun der Lipödem ASBL, hir lescht vu 5 Operatiounen. Bei der Liposuktioun ginn déi krank Usammlunge vu Fettzellen ewechgeholl. Déi 25.000 Euro hätt si net vun der Krankekeess rembourséiert kritt, obwuel si virun der Operatioun och am Alldag däitlech limitéiert war. Zum Beispill beim Kachen. Einfach Beweegungen, wéi am Dëppe réieren, sinn zur Qual ginn. Haut huet si vill Liewensqualitéit zeréck, seet si. D'Käschte wieren eng Investitioun gewiescht, déi si net bereit. D'CNS rembourséiert den Agrëff nämlech just, wann d'Patientin am Stadium 3 ass.
Dem Spezialist an der Chirurgie no wier dat dacks ze spéit. Am Stadium 3 geet et nämlech net méi duer, déi krank Fettzellen ewechzehuelen, mä d'Haut, déi no der Liposuktioun ze vill ass, muss dann nach gestrafft ginn, esou den Dr. med syr. Maher Ido aus Däitschland.
Zousätzlech Interventiounen also, déi kéinte verhënnert ginn, wann een éischter kéint behandelt ginn.
Et feelt un Unerkennung a Versteesdemech fir d'Krankheet
Ma och no den Operatiounen an trotz däitleche Verbesserungen notzen déi zwou Frae vun der Lipödem ASBL nach d'Kompressioun un Äerm a Been. Dës hunn eng Liewensdauer vu 6 Méint, well den Drock mat der Zäit noléisst. Och hei kämpft d'Associatioun fir eng Upassung, nämlech eng Wiesselkompressioun. Den Ament bezilt d'CNS nämlech just zwou Kompressiounen d'Joer, deemno huet een ëmmer just eng fir unzedoen. Ma wann een d'Kompressiounsstrëmp all Dag muss wäschen, gëtt dat schwéier, esou d'Martine Alzin, Vizepresidentin vun der Lipödem ASBL.
Virun allem kämpft d'Associatioun fir Unerkennung a Versteesdemech. Da kéinten d'Patientinnen hiert Liewe méi einfach meeschteren, mat méi Selbstvertrauen. Wichteg wier och, dass déi néideg Seancë vun der Lymphdrainage iwwerholl ginn. Duerch dës speziell medezinesch Massage kënnen d'Waasser-Oflagerunge behandelt ginn an d'Péng gëtt reduzéiert. Et wier een zefridde mat deem, wat d'Associatioun erreecht huet an dass d'Krankheet iwwerhaapt antëscht unerkannt ass. An awer géing nach vill Sensibiliséierungsaarbecht feelen, fir dass d'Patientinne wierklech entlaascht kënne ginn, esou nach d'Martine Alzin, Vizepresidentin vun der Lipödem ASBL.
D'Gaby Vosman-Goedert an d'Martine Alzin hunn och duerch déi géigesäiteg Ënnerstëtzung an der Lipödem ASBL geléiert, mat hirer Krankheet ëmzegoen. Haut droe si hir Kompressioun als Schutzuniform, wéi si soen, ganz oppen.
Fir och anere betraffene Fraen ze hëllefen a ganz allgemeng opzeklären, organiséiert d'Lipödem ASBL den 22. Abrëll en Informatiounsdag zu Suessem. D'Event ass fir jiddereen op. Weider Informatioune fannt Dir hei.