Eng Besser Situatioun wéi d'Ausgankssituatioun ass d'Zil
D'Gesondheetsministesch ass optimistesch, datt deemnächst op d'mannst e Konzept vun der Regierung presentéiert ka ginn.
De Pilotprojet iwwert d'Cannabislegaliséierung hei zu Lëtzebuerg soll "zäitno" an de Regierungsrot kommen, dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview. De kontrolléierte staatleche Verkaf vu Cannabis soll, wéi an Däitschland och, am Kader vun engem "Experiment" erlaabt ginn. Dat fir net géint international Reegelen ze verstoussen.
D'Gesondheetsministesch ass optimistesch, datt d'Regierung deemnächst op d'mannst e Konzept presentéiere kann. Erkläert Zil wier et, ze beweisen, datt et aner Weeër am Ëmgang mat Cannabis gëtt, déi besser Resultater brénge wéi déi aktuell Politik. Déi hätt sécher net hir Friichte gedroen. Ob och e Gesetzprojet iwwert d’Legaliséierung hei zu Lëtzebuerg nach virun de Walen deposéiert gëtt, huet d'Paulette Lenert opstoe gelooss.
Amendementer fir Eegenubau an der Maach
Nom Avis vum Staatsrot mat véier formellen Oppositioune virun engem Mount, schafft de Justizministère den Ament un Amendementer um Gesetzprojet, mat deem e limitéierte Cannabisbesëtz depenaliséiert gëtt an den Ubau vu 4 Planzen doheem autoriséiert gëtt. Blo-Rout-Gréng géif alles dru setzen, datt op d'mannst dës éischt Phas vun der geplangter Cannabis-Legaliséierung nach virun de Chamberwalen am Oktober gestëmmt ka ginn. Dat géif awer eng Course géint d'Zäit ginn.
Däitsch Cannabispläng positiv fir Lëtzebuerg
Der Gesondheetsministesch no wier een an enker Concertatioun mat anere Länner. Fir Lëtzebuerg wier et all Zäit gutt, datt e Land wéi Däitschland och op de Wee Richtung Legaliséierung geet. E Mëttwoch hunn den däitsche Santés- a Landwirtschaftsministère ofgeschwächte Cannabispläng presentéiert. No Gespréicher mat der EU-Kommissioun, huet déi däitsch Regierung hir Pläng vun enger kompletter Legaliséierung elo Mol zréckgezunn. An enger éischter Phas gëtt an eisem Nopeschland ënnert anerem den Eegenubau vu bis zu 3 Planzen erlaabt, et solle sougenannten "Cannabis social clubs" opgemaach ginn, déi ouni Benefice kleng Quantitéite Cannabis un hir Membere kënne raus ginn an de Besëtz bis 25 Gramm soll depenaliséiert ginn. De kontrolléierte Cannabisverkaf soll am Kader vun engem Pilotprojet awer just a sougenannte "Modellregiounen" méiglech sinn. Dee Pilotprojet misst wëssenschaftlech begleet ginn a wier op 5 Joer ausgeluecht, huet de Gesondheetsminister Karl Lauterbach erkläert. Méi wäit dierft ee wéinst den europäesche Reegelen net goen.