Reform vum Contrôle médical ass e "Kampf géint d'Wandmillen"

© RTL-Archivbild
D'Patientevertriedung huet e Mëttwoch e ganz ëmfaassende Fuerderungskatalog un d'Politik en vue vun de Chamberwale presentéiert.
D'ASBL setzt sech ënnert anerem nach ëmmer derfir an, datt den Osten eng Maison médicale an den Norden eng "maison médicale pédiatrique" kritt. Donieft sollten allgemeng d'Ouvertureszäiten, och déi vu Gemeinschaftspraxissen erweidert ginn. D'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Servicer, och mat der Grenzregioun, misst verbessert ginn.
An der Psychiatrie misst déi ambulant a stationär Behandlung ausgebaut ginn. D'Nomenclature bei den Zänn sollt komplett iwwerschafft an en nationale Conciliatiounsservice geschaf ginn, un dee Patiente sech mat hire Reklamatioune riichte kéinten. D'Moyenen, déi den aktuelle Service vum "Santésmediateur" huet, ginn der Patientevertriedung net wäit genuch.
Als e "Kampf géint d'Wandmillen" hunn d'Vertrieder vun der ASBL hir Fuerderung no enger Reform vum Contrôle médical beschriwwen. Dat hätt hiren Alldag dat ganzt lescht an och deels nach dëst Joer bestëmmt. Konkret gefuerdert gëtt d'Asetze vun engem onofhängege Gremium an datt de Patient sech vun enger Begleetpersoun assistéiere ka loossen. Doriwwer eraus sollt e staatleche Fong geschaf ginn, fir Leit mat durabelen Impfschied ze entschiedegen.