D’Affär Bari um GeriichtDéi dräi Haaptugekloten am Fokus

Diana Hoffmann
Et ass ee vun deene gréissten Drogeprozesser, deen et bis elo zu Lëtzebuerg gouf. Zanter en Mëttwoch mussen sech 20 Persounen viru Geriicht veräntwerten.
© AFP

D’Lëscht vun den Uklopunkten ass laang. Ënner anerem Drogenhandel, Geldwäsch, Fälschung a Bedruch stinn drop. Um zweete Prozessdag war den éischte vun insgesamt siwen Ermëttler un der Rei. Hien huet duergeluecht, wéi déi dräi Haaptugeklote bei hirem presuméierten Rauschgëfthandel virgaange sinn.

Fir déi dräi, déi zanter der Festnam am Prisong sëtzen, muss et e komescht Gefill gewiescht sinn, sech op de Fotoen ze gesinn, déi am Sall op enger Leinwand gewise goufen. 18 Méint laang ware si vun der Police observéiert ginn.

“Ëmmer wann den Ugeklote geplënnert ass, si mir mat geplënnert”, sou den Enquêteur. Op de Biller ze gesinn, war dann dat, wat d’Police als méiglech Iwwergabe vun Droge klasséiert huet. Awer och en hin an hier droe vu Valorlux-Tutuen an, an aus, Garagen zu Keel a Leideleng, wou een dovunner ausgeet, dass Droge kéinten dra gewiescht sinn. Gehandelt gouf mat Cannabis, Haschisch a Kokain.

Ee vun den Haaptugekloten ëm deen et um zweeten Dag gaangen ass, gëllt als Kapp vun der Band. D’Police war direkt vun Ufank u skeptesch, wou se mat der Observatioun ugefaangen huet. Divers Autoen, en Appartementshaus zu Keel, en Haus am Bau zu Diddeleng. “Sou een Haus ass näischt, wat een Ufank 30-järege sech hei am Land ka leeschten”, sot den Enquêteur iwwert den haut 31 Joer ale Mann. Dëse schéngt awer zu deem Ament nach keng gréisser Zweiwel gehat ze hunn. “Do war een, deen e relativ gudde Business lafen hat, dee vu sech behaapt huet, dass d’Police en net krit”, huet et geheescht.

Schonn e Mëttwoch war den Optakt vum Prozess, dee bis an de Juni wäert daueren. Dräi Stonne laang goung et ëm Prozedurales, an de Riichter huet Deeler aus der bal 100 Säite staarker Ukloschrëft virgelies.

Mee vu vir. Am November 2020 koum et zum Zougrëff vun der Police, an der sougenannter Affär-Bari. Den Numm Bari, wéinst dem Haaptugekloten, a senger sougenannter rietser Hand. Dës stamen nämlech wuel allen zwee aus der Regioun Apulien, wou d’Haaptstad Bari ass.

Bei diverse Perquisitiounen, haaptsächlech am Süde vum Land waren deemools 2020 15 Persoune verhaft ginn. Sechs Kilo Cannabis, fënnef Haschisch an dräi Kokain, souwéi 80.000 Euro Boergeld an aner Wäertgéigestänn goufe séchergestallt. Dobäi kommen och nach Autoen, am Wäert vu 650.000 Euro. Enner anerem e Ferrari, e BMW M5 an e Mercedes G63. Eng 100 Beamte ware bei der Aktioun involvéiert an och e verdeckten Ermëttler war an de Méint virdrun am Grupp ageschleist.

Back to Top
CIM LOGO