Am Regierungsrot gouf um Freideg de Plang géint den iwwerdriwwenen Tubakskonsum guttgeheescht.

Deemno soll de Pak vun 20 Zigaretten ëm 20 Cent an d'Luucht goen. Dës Hausse gëllt och fir d'Quantitéit vu 50 Gramm Tubak fir ze dréinen.

Do dernieft sollen d'Zigarette-Päck an Zukunft neutral sinn, also ouni all Fotoen oder Logoen drop.

D'Ministeren waren um Freideg och d'accord, fir datt sech Lëtzebuerg un den Enquête vum Internationalen Geriichtshaff géint Krichsverbriechen an der Ukrain bedeelegt.

Et gouf  dann och de Feu-vert fir de Wuesstems- a Stabilitéitsplang, deen d'nächst Woch an der Chamber diskutéiert gëtt.

Net manner wéi 14 Regioune goufen da vun der Regierung via Réglement Grand-Ducal als Protektiounszone klasséiert, dozou gehéieren ënnert anerem den Haff Réimech, d'Däller vun der Syr, Uelzecht, der schwaarzer Iernz an dem Pällembierg zu Meechtem.