
Am Ufank ass iwwer Luxusaueren an Autoe geschwat ginn. Tuning, Vakanzen. Iergendwann Affären. No enger dräi Méint konnt de verdeckten Ermëttler vun der Police Ufank 2020 lues a lues vertrauen zu enger Persoun opbauen, déi dem Haaptugekloten am Drogenhandel no stoung. Domat krut hien en Abléck a seng Welt an esou och an de Fonctionnement vun der Geldwäsch, déi dëse gemaach huet.
Den Ugekloten, deen an Untersuchungshaft ass, huet als Immobilienhändler geschafft. Hat grouss Projeten, a vill Suen si gefloss. Bei him zu Leideleng hätt e Kolleeg vun him, den Haaptugekloten, eng Garage gelount. Spéider gouf doriwwer geschwat, dass hien dësem och als “Apporteur d’Affaires” e Salaire géing ausbezuelen. Dobäi huet et sech awer just ëm e fiktive Kontrakt gehandelt. De presuméierten Ugestallten huet him d’Sue fir säi Salaire selwer ginn, déi sou an der Societéit wäiss gewäsch goufen.
Den Agent vun der Police huet dem Ugekloten en Deal proposéiert. Et géing dorëm goen, Gold a Sue vun engem erfonnten Iwwerfall an der Schwäiz wäiss wäschen. Mat enger gefälschter Rechnung gouf dofir de Verkaf vun enger Auer am Wäert vu 50.000 Euro simuléiert. Ausgestallt gouf dës vum Associé vum Ugekloten, deen sech och muss viru Geriicht veräntwerten.
Mam Recht vun de Suen aus dem Iwwerfall wéilt hien dann Droge kafen, sot de verdeckten Ermëttler. Sou koum dësen am Oktober 2020 schliisslech mam Haaptugekloten a Kontakt. Zu engem éischten Treffe war et an enger Autosgarage zu Esch komm. Do war riets iwwer e gréisseren Deal dee sollt zu Leideleng an der Garage iwwert d’Bün goen. Geschwat ginn ass vun 8 Kilo Kokain. Woubäi ee Kilo an der Zäit vun der Pandemie tëscht 36.000 an 38.000 Euro kascht huet.
Wat du bis zum Dag vum Zougrëff vun der Police am November 2020 passéiert ass, a wéi dësen ofgelaf ass, dorobber wäert ee vun den Enquêteure vun der Police judiciaire en Dënschden Nomëtten agoen.
Nodeems et um éischte Prozessdag ëm Prozedurales an d’Virliese vun Deeler aus der Ukloschrëft gaangen ass. Ass et um zweeten Dag haaptsächlech ëm d’Relatioun vum Haaptugekloten a senger sougenannter rietser Hand gaangen. Wéi déi zwee Männer mat italieeneschen Originnen hiren Drogenhandel mat Kokain a Cannabis wuel organiséiert hunn. Ze gesi war op Fotoen, wéi grouss Plastikstuten ënner anerem a Garagen zu Leideleng a Keel gedroe gi sinn, a wéi potentiell Drogeniwwergaben aus Autoen eraus gemaach goufen.
20 Persoune mussen sech an den nächste Wochen an där Affär viru Geriicht veräntwerten.