4. Prozessdag an der Bari-AffärZéien Drogenhandel wärend der Pandemie

Diana Hoffmann
Am Prozess ëm Drogenhandel a Blanchiment goung et och um Dënschdeg ëm d’Informatioune vum verdeckten Ermëttler vun der Police.
© afp

An de leschten 12 Joer hätt en sech e richtegen Imperium opgebaut. Lo hätt e lauter Ekippe vun Dealer. Dat huet den Haaptugekloten dem verdeckten Ermëttler vun der Police bei engem zweeten Treffen an enger Autosgarage zu Esch am Oktober 2020 gesot. De Polizist hat virgetäuscht, 8 Kilo Kokain bei him wëllen ze kafen.

Ma zu deem Ament, am Oktober 2020, war de Marché vum Rauschgëft wuel staark ausgebremst. De Präis fir ee Kilo Kokain wier staark geklommen gewiescht. Livreuren aus Holland wollten net mat der Wuer op Lëtzebuerg kommen. D’Droge mat engem Gefier mat lëtzebuergesche Placke sichen ze goen, wier en ze héije Risk gewiescht. An normalen Zäite géing hien dräi bis véier Kilo d’Woch geliwwert kréien, sou d’Ausso vum Ugekloten deemools.

Dem presuméierten Drogendealer waren also d’Hänn gebonnen. Senge Clientë wollt hienn nämlech qualitativ héichwäerteg Droge verkafen. En hätt sengen Dealer gesot, hier Clienten op d’Gare ze schécken, well en näischt erbäi kritt hätt. De Kapp vun der Band wollt de Retour an d’Normalitéit ofwaarden, fir nees säi Business opzehuelen.

Just e klengt Geschäft hätt hien den Ament mat Marihuana um lafen. Dat huet den deemools 29 Joer alen Ugekloten an Onwëssenheet engem verdeckten Ermëttler erzielt. Wéi et schéngt huet hie sech d’Droge mat der Post aus Spuenien liwwere gelooss.

Zu enger wierklecher Liwwerung vum Kokain un de verdeckten Ermëttler sollt et souwisou ni kommen. Den 11. November 2020 huet d’Police op verschiddene Plazen am Süde vum Land zougegraff. Deen Dag koum et zu 9 Verhaftungen. Dorënner den Haaptugekloten a seng riets Hand. Saiséiert goufen 1 Kilo Kokain, 6 Kilo Marihuana a 4 Kilo Haschisch, awer och 4 Immobilien, 17 Autoen, 55 Handyen a vill Suen. Déi Deeg drop koum et dann zu weidere Festnamen.

105 potentiell Clientë goufen op de Büro vun der Police gelueden. 67 hunn zouginn zu enger gewësser Zäit Droge kritt ze hunn. Iwwerrascht huet den Enquêteur, dass d’Majoritéit der Police net bekannt war. Dëst wier nämlech éischter exzeptionell. Doraus géing ee schléissen, dass den Haaptugekloten seng Clientë gutt erausgesicht hätt.

Den Enquêteur sot dann nach et géing een dovunner ausgoen, dass den Ugekloten schonn zanter 10 Joer Marihuana verkaaft huet. 8 Joer soll hien mat Kokain gehandelt hunn an zanter 7 Joer mat Haschisch.

Back to Top
CIM LOGO