5. Prozessdag an der Bari-AffärE jonke Mann ëm déi 20 war de Chef

Diana Hoffmann
Eng Geschicht tëscht zwee Kolleegen, déi mat Droge gehandelt hunn, an déi laang gutt gaangen ass. Dat ass de Resumé vum 5. Prozessdag an der Bari-Affär.
© RTL Archivbild

31 Joer huet den Haaptugekloten haut, zwee an en halleft Joer no der Verhaftung. En ass keen opfällegen Typ: Kuerz donkel Hoer, e klenge Schnauz, en diskrete Brëll mat Gold-Gestell, kleng gëllen Ouerréng. Ob d’mannst 10 Joer huet de jonke Mann mat Droge gehandelt. “E muss gutt geschafft hunn, soss hätt der e jo schonn éischter krit”, sot de Riichter wärend dem Prozess zu engem vun den Enquêteuren. D’Affär Bari huet hiren Numm, wéinst dësem, an engem weideren Ugekloten am Drogeprozess. Deenen zwee hir Originne leien an der italieenescher Regioun Apulien, wou d’Haaptstad Bari ass. Si kenne sech wuel scho méi laang. Den zweeten Ugeklote vun haut 44 Joer huet den Haaptugekloten zwar “mon Pot” genannt, hien awer och als Chef bezeechent an him gesot, hie géing op Uerdere waarden. Wien d’Soen hat, war kloer.

Am Summer 2020 si si wuel zesummen an d’Vakanz an Italien gefuer. Et gouf eng Diskussioun iwwer Handy, dass si sollen tëscht 40.000 a 50.000 Euro Boergeld mathuelen. Een ass vir gefuer, fir ze kucken, ob keng Kontrollen op de Grenze wieren. Och zu engem Besuch mat de Frëndinnen a mam Kand vum Haaptugekloten am Disneyland schéngt et komm ze sinn.

De Kolleeg vum Haaptugekloten huet dem Enquêteur no zanter iwwer 6 Joer mat Droge gehandelt. Offiziell huet hien zanter 2013 vun Aarbechtslosegeld gelieft. Allerdéngs hätt hien Dausende vun Euro an d’Glécksspill an an de Poker gestach. Den Ament vum Zougrëff vun der Police war säi Bankkonto eidel. Ma bei him Doheem konnte bal 24.000 Euro Boergeld an en décken Auto saiséiert ginn.

Weider war um Mëttwoch nach gewuer ze ginn, dass den Haaptugeklote wuel bei zwou Entreprisen e fiktiven Aarbechtsvertrag hat, fir e Salaire ze bezéien. Wéi genee d’Geldwäsch fir den Drogenhandel funktionéiert huet, dorobber wäerten déi dräi Enquêteuren aus der Sektioun Anti-Blanchiment en Donneschdeg am Prozess agoen.

Awer och generell wäert de Volet vun der Geldwäsch Sujet ginn. E puer vun den Ugekloten hunn nämlech, ausser hirem méigleche Matwëssen, näischt direkt mam Drogenhandel ze di gehat.

Back to Top
CIM LOGO