D'Mediemark Nummer 1 zu Lëtzebuerg presentéiert sech vun e Mëttwoch un an engem neien, modernen Design.

De Multi-Color-Logo vun RTL ass déi nei visuell Identitéit fir RTL Lëtzebuerg an deklinéiert sech an dräi verschiddene Routtéin. D'Markenidentitéit vun RTL, déi 2021 lancéiert gouf, ass entwéckelt ginn, fir RTL als dee féierenden europäesche Medienacteur ze stäerken, an dëst mat engem harmoniséierte Markenoptrëtt an alle Länner. De Fokus läit op enger eenheetlecher RTL-Mark, déi fir Ënnerhalung an onofhängege Journalismus, grad ewéi fir Inspiratioun, Energie an Haltung steet.

Nieft dem neie Logo presentéiere sech sämtlech RTL-Medien zu Lëtzebuerg vun e Mëttwoch un och mat engem komplett iwwerschaffte modernen Design. D'Televisiounsstudioen, d’Grafiken an de gesamten Habillage vun der nationaler Chaîne goufen un deen neie Markenoptrëtt ugepasst. An Zesummenaarbecht mat der renomméierter franséischer Agence Gédéon gouf dat neit visuellt Konzept vun der Televisioun iwwert déi lescht néng Méint entwéckelt an ëmgesat. Deen neien Design ass frësch, sober a stellt de Contenu, News, Magazin, Sport a Kultur an de Vierdergrond.

Am selwechten Esprit presentéiere sech d'Internetsitten an d’Appe vun RTL, inklusiv der Streaming-Plattform RTL Play, mat enger klorer, iwwersiichtlecher Struktur an engem Design, dee sech un de Besoine vum User orientéiert, dee geziilt a séier no engem Contenu sicht. Och d'Optrëtter an de sozialen Netzwierker goufen un dat neit Markekonzept adaptéiert a presentéiere sech méi harmonesch an direkt. Den neien digitalen Design vun RTL Lëtzebuerg gouf och fir de Visual Radio iwwerholl, mat engem Mix aus News, Service-Informatiounen a Livestream direkt aus de Radiostudioen.

An de leschten 10 Joer huet d'Plattform RTL 5minutes sech zu dem zweetstäerkste franséischsproochegen Noriichtemedium zu Lëtzebuerg entwéckelt. Fir déi Positioun weider auszebauen an der Diversitéit vun der franséischsproocheger Offer vun RTL gerecht ze ginn, changéiert d'Plattform nieft dem Design och den Numm an heescht vun e Mëttwoch un RTL Infos.

Déi engleschsproocheg Plattform RTL Today presentéiert sech an engem änlechen Design wéi RTL.lu an RTL Infos. Zesumme mam Today Radio ass RTL Today haut dee stäerkste Medium fir déi engleschsproocheg Communautéit zu Lëtzebuerg. Mam neien Design soll déi Communautéit et och méi einfach kréien, geziilt un déi Contenuen ze kommen, déi si betrëfft an interesséiert.

Den neie Markenoptrëtt gëtt vun enger grousser 360-Grad-Kommunikatiounscampagne begleet, déi dem méisproochege Public zu Lëtzebuerg ënnert dem Claim "All Moment RTL", "Every moment, RTL" a "Les moments RTL" déi wichteg Wäerter vun RTL wéi d'Proximitéit, d'Credibilitéit, d'Universalitéit, d'Empathie an d'Qualitéit vermëttele soll. D'Campagne leeft bis Enn Mee an den RTL-Medien, am Reseau vum Tram a Bus, am Kino an am Digitalen.

RTL
RTL