6. Prozessdag an der Bari-AffärVill Gerenns fir Drogen ze verkafen

Diana Hoffmann
Duerch d’Geolokalisatioun vun den Autoe vun den Haaptugekloten am Drogeprozess um Stater Geriicht, konnt d’Police de Beweegungsprofil analyséieren.
© RTL Archivbild

An der sougenannter Bari-Affär um Stater Geriicht ëm Drogenhandel, Blanchiment a Bedruch huet den Enquêteur vun der Police weider Observatiounen duergeluecht.

28/04/2023 Bari-Affär 6.Dag Geolokalisatioun an Handel 7h30 (Online)

Wärend enger 18 Méint stoungen déi Ugekloten am Drogeprozess ënner Beobachtung. Duerch d’Geolokalisatioun vun hiren Autoen huet d’Police nogezeechent, wéi hirer Meenung no den Drogenhandel ofgelaf ass.

Op d’mannst bannt enger gewësse Period wärend der Pandemie 2020 gesäit et, aus der Vue vun den Ermëttler, sou aus, wéi wann déi zwee Haaptugekloten hier Wuer bei enger Persoun zu Bieles kritt hätten. Dobäi schéngt et sech majoritär ëm Marihuana gehandelt ze hunn. De Riichter resuméiert, dass et géing opfalen, dass déi zwee Ugeklote meeschtens fir d’éischt fir eng kuerz Zäit bei dës Persoun gefuer wieren.

Dono wiere se bei enger Garage-Box zu Leideleng stoe bliwwen. Hei kéint et sinn, dass si d’Wuer méiglecherweis fir d’Clientë preparéiert hunn. Mat der Geolokalisatioun vun den Autoe gouf da weider festgestallt, dass si deels bei bis zu 17 verschidde Persounen den Dag gefuer sinn. Um Schluss wier den Trajet dann nach bei eng Garage-Box zu Keel gaangen. Méiglecherweis fir de Recht Drogen ze stockéieren. Et gesäit esou aus, huet de Riichter betount. Gewëssheet hätt een natierlech keng. Virun allem d’Plastikstuten an d’Këschten, déi di Ugeklote permanent hin an hier gedroen hunn, maache se verdächteg.

Majoritär goung et am Prozess bis elo ëm 8 verschidden Ugekloten, wéinst dem méiglechen Handele mat Drogen. Awer och dorëm, wéi si mat den Haaptugekloten a Kontakt stoungen. Am ganze musse sech 20 Persoune viru Geriicht veräntwerten. Nieft dem Volet vun den Drogen, wäert et an den nächste Sëtzunge prioritär ëm Blanchiment goen. Dat no enger Paus am Prozess d’nächst Woch.

Back to Top
CIM LOGO