Doktere solle mat Sue motivéiert ginn

© AFP
Am Ganze sinn 2,1 Milliounen Euro virgesinn, fir an engem Pilotprojet informatesch Outilen an de Cabineten ze installéieren.
Bis ewell gëtt et wéineg Interessi bei den Dokteren. An dowéinst ginn et weider Beméiungen fir d'Digitalisatioun am Beräich vun der Santé ze promouvéieren. An dat mat engem Pilotprojet. Déi Professionell kréien elo eng finanziell Ënnerstëtzung wa si en informateschen Outil installéieren fir de remboursement accéléré oder de paiement immédiat direct ze erméiglechen. Fir all nei Installatioun, déi dann mat der Agence e-sante connectéiert ass, ginn et 625 Euro. Eng Enveloppe vun am ganzen 2,1 Millioune Euro ass virgesinn. Dat Ganzt soll am Laf vum nächste Mount kënne funktionéieren, a geschitt op fräiwëlleger Basis. Dat huet de Minister vun der Securité sociale en Donneschdegowend matgedeelt.