Nieft der Eecher Klinik gouf den neien Human Motion Lab ageweit. Hei ginn d‘Beweegunge vu Persounen analyséiert, déi Mobilitéits-Problemer hunn.

Op den 1. Bléck relativ onspektakulär gesäit den Humane Beweegungslaboratoire aus. D‘Material awer ass modernst Technologie. Am grénge Buedem ass eng däischter Plack agelooss, iwwer déi de Patient trëppelt. Si moosst den Drock ënnert der Fouss-Suel. Mat Hëllef vun enger spezieller Software a sëllegen HD-Kameraen, déi bis zu 1.000 Biller an der Sekonn ophuelen, ginn d’Beweegungen 3-dimensional rekonstituéiert.

D’Genauegkeet wär duerch déi nei Technologie vill besser wéi virdrun, d’Zouverlässegkeet vun den Date garantéiert, erkläert de Prof Dr Jan Cabri, wëssenschaftlechen Direkter vun der asbl Liroms. "Und zweitens die Geschwindigkeit, in der wir die Daten erheben können. Wir spreche jetzt von Minuten, nicht mehr von Wochen."

Weider Statioun am Labo: e Lafband mat integréierte Placken, déi d’Kraaft moossen. An och hei gëtt d'Beweegung analyséiert. All déi gesammelt Donnéeën erginn e komplett Bild vum Fouss erop bis bei den Uewerkierper, opgrond vun deem den Dokter ganz geziilt Therapie verschreiwe kann.

Zilgrupp si virop Kanner, déi beispillsweis opgrond vun neurologesche Problemer net gutt goe kënnen oder Erwuessener, déi eng nei Hëft- oder Knéiprothesë kruten. Awer och blesséiert Sportler kommen an de Labo.

D’Analysë gi gratis gemaach. Hannert dem Human Motion Lab an der asbl Liroms stinn de CHL, den LIH an d’Fondatioun André Losch. D’Fondatioun huet 400.000 Euro, fir déi nei Technologien a Raimlechkeete gestëft. Eent vun den Haaptziler wier et de Kanner ze hëllefen. Seet de Roland Krecké, wëssenschaftleche Beroder vun der asbl Liroms.

"Dat ass e groussen Aspekt och vun der Fondation André Losch. Dee ganze sozialen Aspekt spillt eng grouss Roll bei deene Kanner. Well di hunn e groussen Deel vun hirer Selbststännegkeet verluer heiansdo a mir musse kucken, datt se déi recuperéieren am Alldag. Sief et och fir an d’Schoul ze goen, sief et fir Doheem eens ze ginn, sief et fir e bësse Sport ze maachen. An dat Ganzt och fir di ganz Famill ze entlaaschten."

D’Beweegungsanalysë gi reegelméisseg widderholl, fir de Succès vun enger Therapie ze iwwerpréiwen. Dofir wier et och wichteg fir Delaie fir Rendez-vouse kuerz ze halen.

E Freideg de Mëtteg gouf deen neien Human Motion Lab a Präsens vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert offiziell ageweit.