13 "Iglue" fir méi Sécherheet um Site
De Camp militaire um Waldhaff entsprécht net méi den néidege Sécherheetsstandarde vun haut.
Den aktuelle Site vun der Arméi um Waldhaff entsprécht net méi dem Besoin vun enger moderner Arméi, sot de gréngen Defenseminister François Bausch en Donneschdeg wärend enger Pressekonferenz, wou den neie Projet fir de Site presentéiert gouf.

© Mike Elsen / RTL
Kärstéck wäerten déi 13 sougenannten Iglue sinn. Dobäi handelt et sech ëm deels mat Buedem iwwerdeckte Munitiounsdepoten. Net just d’Arméi wäert do hir Munitioun stockéieren, mee och d’Police an d’Douane. Fir dem Laien e Bild vun der Kapazitéit ze ginn, huet de Chef d’Etat Major vun der Arméi, de Steve Thull erkläert, dass all eenzelen Iglu 10 Tonne Sprengstoff kéint aushalen. An den 13 Depote wäert dann an Zukunft kënne 50 Prozent méi Munitioun gelagert gi wéi bis elo um Site.
Doriwwer eraus ass och en Hangar virgesinn, fir Material ze stockéieren. De Generol Steve Thull erkläert, dass am Munitiounslager awer keng Bommen entschäerft ginn. Eng Sprengung géing entweder sur Place geschéien oder wann dat net méiglech wier, géing se meeschtens an d’Belsch bruecht ginn. Heiansdo misst se awer tëschegelagert ginn, wat an engem Gebai um Waldhaff geschitt. Generell géing d’Manipulatioun vum Material duerch de Reamenagement méi sécher gemaach ginn, sot de Minister.
Vill Ännerungen um Site wieren awer och néideg ginn, well Lëtzebuerg seng Infrastrukture misst konform zu de Sécherheetsstandarde vun der Nato maachen. Ënner anerem wäert et eng besser Ofsécherung vum Site ginn. Doriwwer eraus wäerten awer och déi administrativ Gebaier erneiert ginn. Dozou gehéiere Büroen an Infrastrukture fir d'Schoulung, wéi den Thierry Hirtz vun der Verwaltung vun den ëffentleche Bauten ënnersträicht.
E Virdeel vun dem Reamenagement vun den Infrastrukture wäert da sinn, dass manner Surface vum 29 Hektar groussen Terrain, deen an enger Natura 2000-Zone am Gréngewald läit, wäert gebraucht ginn. 1/3 vun der Surface, wat 10 Hektar entsprécht, gëtt nees renaturéiert.
De Projet wäert 81,5 Milliounen Euro kaschten. Dat néidegt Gesetz ass deposéiert an den Ament gëtt op den Avis vum Staatsrot gewaart. De Minister rechent domadder, dass 2025 ka mam Chantier ugefaange ginn. Well de Site weiderhin a Betrib bleift, gëtt et keen einfache Chantier. D’Aarbechte wäerte 5 bis 6 Joer daueren.