
D’Demokratie, also d’Recht fir wielen ze goen a matbestëmmen ze kënnen, souwéi och den Zesummenhalt tëschent de Länner hiewen zwee jonk Männer positiv ervir. Och de Fait, datt ee bal iwwerall an Europa mat der nämmlechter Wärung bezuele kann, fënnt eng Madamm gutt.
An da wier do jo och d’Reesfräiheet, déi Villen d’Liewe méi einfach mécht. En Här erënnert sech, wéi et fréier war:
“Ech ka mech erënneren, mir souzen eng Kéier moies um 6 Auer 20 Kilometer vun Éisträich ewech an um 12 Auer ware mir mol an Éisträich eran, well mir do an enger Schlaang vun 20 Kilometer stoungen, well mer iwwerall hu missen eis Carte d’identité weisen.”
Mä natierlech fënnt och net jiddereen alles gutt: Un den EU-Direktiven, déi och zu Lëtzebuerg mat deels “fatale Konsequenzen” mussen ëmgesat ginn, stéiert sech en Här. En anere fënnt, datt d’Präisser, beispillsweis vum Bensinn, dacks ze deier sinn.
An ee weidere jonke Mann fënnt, datt et bei de Grenzkontrollen e Besoin u Verbesserunge gëtt: “Villäicht méi Grenzkontrolle maachen.”
Wéi d’Lëtzebuerger géintiwwer verschiddenen Theme mat Europa, respektiv EU-Bezuch agestallt sinn, konnt ee schonn am Februar dëst Joer am Eurobarometer noliesen. Deemno hunn 71% vun alle befrote Lëtzebuerger eng immens optimistesch an 28% eng immens pessimistesch Siicht op d’Zukunft vun der EU.
