Géint de Suicide kämpfen, deene gedenken, déi een duerch mental Krankheete verluer huet a sensibiliséiere ronderëm d'Theme vun der mentaler Gesondheet.

Dorëms ass et de Samschdeg de Moien um Marsch "Darkness into Light" gaangen. Eng 400 Leit hu sech scho fréi um 5 Auer moies an der Stad getraff. Et geet dorëms dem Sonnenopgank entgéint ze goen. Dee gëllt als Zeeche vun der Hoffnung an dem Trouscht. Et geet een also wuertwiertlech aus dem Däischteren an d'Licht.

D'Initiativ huet hiren Ursprong bei Pieta House, enger irescher Organisatioun. Mëttlerweil gëtt et si a 16 Länner. Lëtzebuerg ass elo fir déi 5. Kéier mat dobäi. D'Lynda Jacob huet Darkness into Light Luxembourg gegrënnt an organiséiert den Event zesumme mat ville Benevollen an hiren aacht Comitésmemberen all Joer. Et ass och ëmmer nees eng kleng Iwwerraschung fir d'Participanten, wéi d'Streck ausgesäit. Et sinn zwar ëmmer fënnef Kilometer duerch d'Stad, mee ënnerwee fënnt een Dekoratioun, Plakater a Luuchteninstallatiounen.

Dat ganzt ass och fir de gudden Zweck. D'Suen, déi duerch d'Spende rakommen, ginn un d'Ligue, de Kannerjugendtelefon a SOS Détresse. Esou Initiativen hunn een symbolesche Charakter, awer net just.  Et ass och eng Plaz, wou Leit, déi een duerch de Suicide verluer huet, Trouscht fannen. "Et ass eng Renconter vu Leit, déi all déi selwecht Meenung hunn zu dësem Sujet. Jidderee fënnt, dass een dat maache kann a maache soll an hei ass eng sécher Plaz, fir dat ze maachen", erzielt eis ee vun de Participanten.

Zanter 2015 ginn et Suicidepreventiounsmesüren, dozou zielen d'Verschlechtere vun der Accessibilitéit vu gängege Suicidemethoden. Dat kann zum Beispill d'Gelänner bei Brécke sinn. Et géif awer och hëllefen, dass méi iwwert d'mental Gesondheet am Allgemenge geschwat gëtt. De Psychotherapeut Dr. Fränz D'Onghia ass de Koordinator vun der Initiative vun der Suicidepreventioun: "An da kann een och vill méi fréi an der Suicidepreventioun agéieren, notamment, andeems ee psychesch Krankheete mat Zäiten erkennt a behandelt. Bei deene meeschte Suicidë war eng psychesch Problematik present."

Esou Initiative wéi den Darkness into Light hëllefen, den Tabu ze briechen. Et wär och zefridden domadder gewiescht, dass sech all Joer méi Leit fir de Projet interesséieren.

Wann Dir selwer grad an der Situatioun sidd, dass et Iech mental net gutt geet. Da riicht Iech un den SOS Détresse um 45 45 45. Bei Suicidegedanken adresséiert Iech un den 112.