Am Kader vum Europadag ass en Dënschdeg e Fest zu Gréiwemaacher op der Maartplaz, déi éischte Kéier feiere Maacher an d'Stad Tréier zesummen.

Do wäert och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sinn. Hie sot der däitscher Chaîne SWR, dat wär en Zeechen, dass béid Säiten zu der Groussregioun stinn. Dat Wuert "Grenz" géif senger Meenung no net méi dacks benotzt ginn. Europa wär gelieften Alldag an der Groussregioun.

De Jean Asselborn huet déi russesch Invasioun an der Ukrain nach eemol schaarf verurteelt an deem Interview.

A Punkto Nationalismus wär den Déifpunkt dem Jean Asselborn no 2016 gewiescht, dat mam Brexit. Dee wär op Fake-News opgebaut gewiescht. Du koum an den USA den Donald Trump.

De Jean Asselborn sot dem SWR géintiwwer, dass hien net der Meenung ass, et misst een d'EU-Administratiounen verklengeren. 450 Milliounen Awunner huet d'EU, 32.000 Persounen schaffen zu Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg. Dat wär finanziell ze verkraaften, esou den Ausseminister.

Op der Europaplaz tëscht dem Héichhaus an der Philharmonie um Kierchbierg an der Stad ass dann natierlech och eng Feier fir den Europadag. Vun en Dënschdeg de Mëtteg u bis 18 Auer si Concerten, Foodtrucken an en Europäescht Duerf mat diverse Stänn do. Och e klengen Eck fir Kanner ass opgeriicht.

Um zwou Auer ass et den offizielle Festakt mat den Annonce vu Lydie Polfer, dem Chamber-President Fernand Etgen, dem Premier Xavier Bettel, dem Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel an dem EU-Kommissär fir dat Soziaalt Nicolas Schmit.

An de Grand-Duc Henri schneit de Kuch op fir d'Europäesch Unioun. Um véierel op 5 spillt nach déi Lëtzebuerger Indie-Pop-Formatioun TUYS e Concert do.