Um Europadag hat den Europäesche Geriichtshaff seng Diere fir de Public opgemaach. Eng 2.300 Visiteuren ware sech d'Institutioun ukucken.

Viru méi wéi 70 Joer gouf den Europäesche Geriichtshaff gegrënnt. 1973 gouf den éischte Palais um Kierchbierg ageweit an zanterhier ëmmer weider vergréissert. Fir d'lescht koum 2019 mam drëtten Tuerm dat aktuell gréisst Gebai am Land dobäi. Et ass dat Iewescht Geriicht vun der Europäescher Unioun, wou séchergestallt gëtt, dass iwwerall an der EU d'Uniounsrecht richteg applizéiert gëtt a d'Memberlänner hir Verflichtungen nokommen.

Um Geriichtshaff schaffe 27 Riichter - ee pro Memberstaat - déi fir jee 6 Joer ernannt ginn. Fir Lëtzebuerg ass dat zanter 2013 de fréieren CSV-Minister François Biltgen.

Fir de Geriichtshaff ze entlaaschten, gouf 1989 d'Europäescht Geriicht geschaaft. Hei ginn Affären traitéiert, déi op Problemer baséieren tëscht engem Bierger, Betrib oder Staat mat enger europäescher Instanz.

Zënter 1952 sinn op deenen zwee Geriichter iwwer 42.000 Urteeler gesprach an Deliberatioune geholl ginn.

Iwwer 2.200 Persoune schaffe an de verschiddenen Departementer um Europäesche Geriichtshaff. Méi wéi en Drëttel sinn Traducteuren, déi eleng zejoert méi wéi 1,2 Millioune Säiten an déi 24 EU-Amtssproochen iwwersat hunn. Och wärend de Sëtzunge ginn d'Verfare simultan fir d'Leit am Sall iwwersat.

Porte Ouverte am Schuman-Haus a Clausen

1886 gouf de Robert Schuman a Clausen gebuer, hei huet hie seng Jugend verbruecht. Vum Robert Schuman sengem Balcon aus gesäit een op déi nei Clausener Schoul an op d'Kierch, wou hien d'Kommioun gemaach huet.

Haut ass en Departement vun der Uni am Schuman-Haus doheem. Den Zenter fir zäitgenëssesch an digital Geschicht (C2DH) huet fir dësen Europadag e kuerze Film iwwert de Robert Schuman realiséiert.

Fir dësen Documentaire hunn d'Historiker vun der Uni mat original Fotoen, Filmmaterial a Schrëftstécker geschafft. An och Audiodokumenter huet een an den Archiven erëm entdeckt. Tounopnamen, op deenen de Robert Schuman Lëtzebuergesch schwätzt.

Seng bekanntste Ried huet de Robert Schuman awer op franséisch gehalen. Matt senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950 huet hien de Grondstee fir d'europäesch Communautéit geluecht.