Wéi geet et de Jugendlechen an Zäite vu Krich an Europa, no der Corona-Pandemie an de ville negativen Noriichten, déi een den Ament héiert?

Et ass eng Fro, déi mech scho méi laang beschäftegt a wou ech net déi richteg Upak fonnt hunn, fir eng Äntwert ze fannen. Wie sinn déi Jonk? Wou fënnt een se?

Fir op d’mannst eng Deel-Äntwert ze kréien, sinn ech dofir e Nomëtteg an d’Escher Jugendhaus gaangen an hunn einfach mat enger Rei Jugendleche geschwat. An ech krut Äntwerten, déi ech mer net erwaart hunn.

RTL

D'Bridder an de Cousin beieneen: Ismael, Kenny, Anderson. / © Tom Zeimet

De Kenny (13) an den Anderson (11) si Bridder, si komme reegelméisseg an d’Jugendhaus zesumme mat hirem Cousin Ismael (13). Wou ech se froen, wéi et hinne geet, soen se allen dräi: gutt. De Kenny sot, datt hien awer heiansdo net esou gutt drop wier, wann aner Leit net frëndlech mat him wieren. Heiansdo géifen en och d’Meedercher nerven. Den Ismael gräift d’Thema Mobbing op a seet: "Ech hu weider keng Problemer am Liewen." Dat eenzegt wier de Mobbing, dat wier net esou einfach. Méi an den Detail wollt e net goen.

An d’Jugendhaus kommen déi dräi gären: "Et mécht eis Spaass, mat de Kolleegen ze sinn an och Aktivitéiten ze maachen."

"Ech wëll President vu ganz Lëtzebuerg sinn"

Wat géif dir iech wënschen, wann der ee Wonsch fräi hätt? Den Ismael äntwert cool: "Ech sinn zefridden." De Kenny seet: "Ech wëll President vu ganz Lëtzebuerg ginn. Géif awer alles esou loossen." A säi klenge Brudder, den Anderson seet: "Ech wëll och President sinn, awer nëmme vun der Schoul. Da ginn et manner Hausaufgaben."

D’Gespréicher féiere mer am Haff vum Jugendhaus. Um Donneschdegmëtteg war et gemittlech, d’Sonn huet op d’Bänk gedréckt an ech hat emol eng Kéier d’Gefill, nëmmen éierlech Äntwerten ze kréien. Se waren all riicht eraus.

RTL

D'Tahiry an d'Lara kenne sech zanter 10 Méint. / © Tom Zeimet

"Lëtzebuerg bitt vill Chancë fir Jonker"

Esou och vum Tahiry (14) a vum Lara (15). D’Tahiry kënnt aus Spuenien a lieft eréischt zanter 10 Méint zu Lëtzebuerg. Mam Lara schwätzt hatt Spuenesch. Fir mech spillt et zum Deel Iwwersetzerin. Déi zwee hu sech am Lycée zu Esch-Lalleng kennegeléiert. Meeschtens geet et hinne gutt, mee net ëmmer. Wa se zesummekommen, géifen se sech géigesäiteg oflenken. Hire Frëndinnen a Frënn géif et bal all gutt goen: "Lëtzebuerg bitt vill Chance fir Jonker. Ee Problem, dee vereenzelter hunn ass, permanent d’Opmierksamkeet op sech wëllen ze zéien."

Klassesch Medie kucken se keng. TikTok, Instagram a Whatsapp begleeden se am Alldag. Eppes, wat déi zwee Meedercher stéiert, ass d’Gewalt, déi een an de Schoulen zum Deel erlieft: "Et gëtt eng Rei Leit, déi léisen hir Problemer mat Kläppereien. Et gëtt net iwwert d’Problemer geschwat. Et huet vill domat ze dinn, wat déi Doheem erliewen."

RTL

De Mike ass zanter 6 Wochen am Stage am Jugendhaus. / © Tom Zeimet

"Heiansdo ass et vill beieneen"

Éischter onerwaart treffen ech de Mike (19) am Jugendhaus. Hie mécht grad säi Stage, fir Educateur ze ginn. Zanter elo 6 Wochen hëlleft hien der Ekipp. Och dem Mike stellen ech d’Fro, wéi et em geet, seng Äntwert war scho méi nodenklech: "Heiansdo ass et vill beieneen. Meng Mam ass eng Ukrainerin, ech hunn nach Famill déi de Moment den Alldag am Krich erlieft. Dat mécht mir Suergen. Dobäi kënnt de Stress an der Schoul."

De Beruff huet de jonke Mann gewielt, fir aneren ze hëllefen. Hie souz déi ganzen Zäit nieft mer, wéi ech mat deenen anere geschwat hunn. Mir sot en dunn: "Wéi ech an hirem Alter war, hat ech och keng Problemer. Deene meeschten, deenen ech hei em Jugendhaus begéinen, geet et gutt. Mä wat ee méi al gëtt, wat een ëmmer besser mierkt, dass ëmmer méi vun engem verlaangt gëtt."

RTL

D'Joyce an de Chris en Deel vun der dynamescher Ekipp vum Escher Jugendhaus. / © Tom Zeimet

"Mir weisen de Jugendlechen, wéi een ofschalte kann"

Am Fong wollt ech nëmme mat Jonke schwätzen, erwaart hat ech mer vill méi eng negativ Vue op d’Liewen – wann ech mer awer elo selwer d’Fro stellen, wisou eigentlech, fannen ech keng Äntwert drop. Dofir hunn ech mam Joyce a mam Chris d’Gespréich gesicht, allebéid schaffen se am Jugendhaus.

D’Joyce erkläert: "Jiddereen huet seng Problemer. D’Jugendhaus soll déi Plaz sinn, wou se flott Momenter hunn. Jonker hunn esouvill Problemer a Krisen, dass do nach wéineg Plaz ass, fir déi Saachen, mat deenen sech déi Erwuesse beschäftegen, wéi de Klimawandel oder de Krich an der Ukrain." Déi Jugendlech hätte Stress an der Schoul, géifen dacks hir eegen Identitéit hannerfroen oder och hir Plaz an der Gesellschaft an der Famill emol réischt richteg fannen.

Fir de Chris ass et dofir wichteg, dass d’Educatricen an Educateuren e Vertrauensverhältnes opbauen, an dat géif nëmme goen, wann een déi Jonk eescht hëlt a se do ofhëlt, wou se grad sinn: "D’Leit, déi ëmmer soen, et muss ee Grenzen opweisen, deene soen ech ëmmer, dat kann een net maachen, et ass schwéier. Déi Jonk mussen hir Erfarunge maachen."

Et wier wichteg ze weisen, dass ee sech net op all Problemer fokusséiert. Et wier och wichteg ze weisen, wéi ee kann ofschalten.

Méi matenee schwätzen!

Wat ass dann elo d’Conclusioun? Wéi geet et de Jonken ?
Ech kann op alle Fall festhalen: Déi, déi ech haut gesinn hunn, hu vill gelaacht. Ech hu mech zréck erënnert, wéi onbeschwéiert ech zum Deel als Jonke gelieft hunn. Ech huelen haut fir mech mat: Fir Virurteeler ofzebauen, muss méi matenee geschwat ginn.