
Nodeem et an der Gemeng Schengen wéinst dem Projet vum “Schoulcampus Baggerweieren” Onstëmmegkeete mam Architektebüro Valentiny HVP goufen, hat de Conseil jo majoritär decidéiert, zwee Kontrakter mat deem Architektebüro ze kënnegen. Eng Zesummenaarbecht mat dësem Büro wier “net méi méiglech”, sou de Buergermeeschter Michel Gloden no där Conseilssëtzung um RTL-Mikro.
Et ass elo den Ordre des Architectes, dee reagéiert, an de mediale Kaméidi schaarf verurteelt. Et wier engem ëffentleche Bauhär, wéi et d’Gemeng Schengen ass, net wierdeg, fir en Architekt op esou eng Manéier op der “place publique” virzeféieren.
Den OAI rappelléiert, datt d’Kënnege vun engem Kontrakt streng dem Gesetz no iwwer d’Marchés Publics gereegelt ass an och an dësem Fall muss agehale ginn. Da schreift den OAI, datt sech dës Vertriedung duerchaus als Conciliateur am Sträit tëscht der Gemeng an dem Architektebüro gesinn hätt, et wier een awer net sollicitéiert ginn.